CGDIS mellt 340 Appeller wéinst dem Wieder

© RTL Mobile Reporter
E Samschdeg hat Lëtzebuerg d'Ausleefer vum Stuerm Amy ofkritt. Dëst huet plazeweis fir vill Reen a Beem, déi ëmgefall waren, gesuergt.
Am Verglach zum Ausland ass Lëtzebuerg beim Stuerm e Samschdeg nach mat engem bloen An dervu kommen. A Frankräich nämlech sinn zwee Leit duerch Suitte vum Stuerm ëmkomm an och an Irland gouf et een Doudegen an eng sëlleg Stroumausfäll. D'Belsch an Holland melle Schied a verschiddene Géigende vum Land
Am Grand-Duché dogéint gouf et kee grousse Schued an et ass kengem eppes geschitt. De 112 huet am ganzen 340 Uriff wéinst dem Wieder registréiert. Dat ënnert anerem wéinst Äscht déi erof- oder Beem déi ëmgefall sinn. Et gouf awer keen Uruff wéinst Kelleren, déi mat Waasser vollgelaf sinn. Deelweis hunn awer och Stroosse misste gespaart ginn an den Tram konnt wärend enger Zäit net tëscht dem Findel an der Luxexpo fueren.