Police mellt, datt duerch Beem an Äscht vill Stroossen deels oder ganz zou sinn

© RTL Mobile Reporter
Et war Alerte jaune gemellt fir e Samschdeg, dat tëscht 8 a 16 Auer. Bis 19 Auer ass donieft vill Loft gemellt.
An tatsächlech huet sech d'Meteo duerchwuess gewisen. Et war richtegt Abrëllswieder plazeweis.
Méi kräfteg hat de Wand deemno och op der Tramsstreck tëscht dem Findel an der Luxexpo. Geschitt muss dat Ganzt géint 17 Auer geschitt sinn, wéi eis mobil Reporter vun der Plaz matgedeelt hunn.
Och op anere Plazen am Land schéngt de Wand méi kräfteg geblosen ze hunn, wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet.
Géint 15.45 Auer ass nämlech op der N7 tëscht Maarnech an Housen e Bam op een Auto gefall. Do goufen dräi Persoune blesséiert. Ee weider Bam ass géint 16.30 Auer ëmgefall, dat tëscht Schëndels a Miersch. Hei ass kengem eppes geschitt.
Message vum Mobilitéitsministere
Den CR134 tëscht Manternach a Mäertert ass de Weekend bis e Méindeg mat gespaart.
Verkéiersmeldung duerch d'Police
CR 327 MECHER – CLERVAUX
CR 134 MERTERT – MANTERNACH
N11 WALDHAFF – DOMMELDANGE
CR 102 KEISPELT - KEHLEN
N7 MERSCH – BISSEN
CR 115 ROOST – CRUCHTEN
N12 SEAUL - TUNTANGE
CR 123 - MOESDORF – CRUCHTEN
CR 361 GOESDORF - HEIDERSCHEIDERGRUND
CR 310 FLATZBOUR – HOLTZ
N14 BUDLERBACH
N26 BAVINGE – LIEFRANGE
N7 HEINERSCHEID - FISCHBACH
N23 RIESENHOF - KOETSCHETTE
N23 ROMBACH – MARTELANGE
CR144 LENNINGEN – CANACH
CR 375 WEICHERDANGE - DRAUFFELT
N1 FINDEL
N12 RIPPWEILER – USELDANGE
N22 OBERPALLEN – ELL
CR306 BISSEN – VICHTEN
CR364 VUGELSMILLEN – BERDORF
A7 Sortie WALDHAFF
A13 ASPELT – MONDORF
N13 ASPEL – FILSDORF
CR101 KOPSTAL – SCHOENFELS
N12 TROIVIERGES – ASSELBORN
CR 134 EHNEN – GOSTINGEN
N11 ECHTERNACH – GRAULINSTER
N14 MARXMILLEN – KLOSMILLEN
CR 137 LELLIG – MANTERNACH
CR103 KEHLEN – KOPSTAL
CR 126 HELMSANGE – WALFERDANGE
CR 311A PERLE – RAMBROUCH
N10 BOLLENDORF PONT
CR126 WALDHAFF – STAFFELTER
S'Automobiliste si gebieden, hire Wee unzepassen oder d'Ëmgéigend ze