Da mellt d'Police nach een alkoholiséierte Chauffer an divers Abréch an Haiser an Autoen.

Géint Hallefnuecht hat e Mataarbechter vun engem Hotel an der Stad d'Police geruff, well hei eng Persoun an der Rezeptioun randaléiert huet. De Mann, deen offensichtlech ënner Alkoholafloss stoung a sech just schwéier op de Been hale konnt, huet nach randaléiert, wéi d'Police ukoum.

Ronn annerhallef Stonn méi spéit géint 1.30 Auer e Sonndeg gouf et eng Kläpperei an engem Bistro um Lampertsbierg. Och hei hunn d'Beamten e staark alkoholiséierte Mann ugetraff, dee Sträit mat anere Gäscht ugefaangen huet. Well béid Persounen eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn, koume si an de Passagearrest.

Och ze vill gedronk hat en Automobilist, dee géint 5 Auer um Sonndeg säin Auto op der A6 op der Héicht vu Capellen schwéier beschiedegt huet. De Chauffer war nach op der Plaz an huet de Beamten erkläert, wéi et zum Accident koum. Hinnen ass do opgefall, datt de Mann wuel Alkohol gedronk hat, wat vum Test confirméiert gouf. De Permis ass provisoresch agezu ginn.

Da mellt d'Police nach en Abroch zu Duelem an en Haus, wou Wäertgéigestänn geklaut goufen, a fënnef Abréch an Autoen um Lampertsbierg an dräi am Rollengergronn an zu Dummeldeng. An alle Fäll hunn d'Täter d'Fënstere vun de Gefierer opgebrach, fir da Géigestänn aus dem Auto ze klauen.