Grand-Duc Guillaume: "Mir feieren den Owend net eng Persoun"
No véier Tëschestatioune queesch duerch d'Land war d'Stad Lëtzebuerg déi lescht Etapp. Mat Spektakel op der Rouder Bréck, Droneshow an engem Concert.
Spektakel op der Rouder Bréck
Déi grouss Finall vun dëser Tour huet ugefaange mat engem grousse Spektakel op der Rouder Bréck. Dausende Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger sinn trotz duerchwuessenem Wierder an d'Stad komm. D'Rout Bréck, als ee Symbol vun der Haaptstad, en Zeeche vun der Resilienz vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.
De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie sinn zesumme mat knapp 2.000 Leit, déi d'Lëtzebuerger Gesellschaft representéieren, iwwer d'Bréck gaangen. Dës sinn no an no aus am Ganzen aacht Trammen erausgeklommen.
Grand-Duc Guillaume seet de Leit Merci
Bei sengem Optrëtt um Glacis huet de Grand-Duc Guillaume de Lëtzebuerger Merci gesot a si begréisst. "Ech sinn zudéifst beréiert vun deene ganz ville perséinlechen Attentiounen."
Hien huet ënnerstrach, wéi wichteg et fir hien ass, dësen historeschen Dag mat de Leit ze deelen. De Grand-Duc huet d’Stäerkt an den Zesummenhalt vum Land ervirgehuewen: "Mir Lëtzebuerger sinn zéi. Vun naassem Hierschtwieder loosse mir eis net ënnerkréien."
Zum Ofschloss huet hien d’Diversitéit an d'Gemeinschaft am Land betount: "Mir feieren den Owend net eng Persoun, mee ons Identitéit, ons Diversitéit, ons Geschicht an ons Zukunft. Mir feiere Lëtzebuerg."
Grouss Droneshow iwwer dem Glacis
D'Droneshow huet knapp aacht Minutte gedauert an et si genee 325 Dronen am Himmel iwwer der Stad Lëtzebuerg geflunn. D'Symboler hunn de Règne vum Grand-Duc Henri an den Iwwergang op säi Fils Grand-Duc Guillaume duergestallt. Ausserdeem sollen d'Symboler d'Diversitéit vu Lëtzebuerg symboliséieren.
Concert um Glacis - Hommage un d'Lëtzebuerger Musekszeen
De feierlechen Ofschloss vum Owend war e Concert op der impressionanter Bün um Glacis a Presenz vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie. Eng Show mat 27 Optrëtter vu Musekacts aus dem Grand-Duché - En Hommage un d'Lëtzebuerger Musekszeen.
Ee vun den Highlighte war den Optrëtt vun der Sängerin Stephany Ortega. Si hat héich uewen iwwer dem Glacis um Daach vun enger Bank hiren Optrëtt.
Moderéiert gouf déi grouss Show vum Philip Crowther an dem Désirée Nosbusch. Fir den Optakt hu si déi siwe Giedelen a Pättere begréisst, déi den neie Grand-Duc Guillaume e Samschdeg op senger Tournée duerch de Grand-Duché begleet haten. Et waren dat d'Lea Linster, den Andy Schleck, d'Patrizia van der Weken, de Mike McQuaide, d'Ni Xia Lian, d'Anne Kremer an de Jules Werner.
D'Artiste vum Owend am Iwwerbléck:
Cosmokramer
Napoleon Gold + Krick
Jackie Moontan
Edsun
Oke
Adriano Selva
Tali
Tuys
Francis of Delirium
Fred Barreto/Daniel Migliosi
Hunneg-Strëpp
Reis-Demuth-Wiltgen
Benjamin Kruithof
d'Cojellico's Jangen
Stephany Ortega
Parity
Myura
Maz Univerze
Nicool & Stephany Ortega
De Läb
Alfalfa
Zero Point Five
Laura Thorn
klein. Krick
RAFTSIDE
Faux Real
NOSI