Zanter September iwwerwaacht d’Gemeng Birsfelden an der Schwäiz mat Kameraen, wéi laang Autoe sech am Duerf ophalen.

Wie sech manner wéi 15 Minutten an der Gemeng ophält, muss eng Geldstrof vun 100 Schwäizer Franken, ëmgerechent ronn 107 Euro bezuelen.

Dës Mesur soll de sougenannten Auswäich-Verkéier verhënneren, also Autoen, déi beispillsweis Stau oder Peage-Stroosse evitéiere wëllen. De Succès ass iwwerraschend: Der Zeitung "Blick" no hat Birsfelden ufanks mat 15 Verstéiss pro Dag gerechent, ma tatsächlech ginn awer 1.000 Verstéiss den Dag registréiert, wat 100.000 Franken u Geldstrofen entsprécht.

D’Gemeng seet, et géint net ëm d'Geld goen, mee ëm méi Sécherheet a manner Kaméidi an der Regioun. Kritiker bezeechnen d’Mesure dogéint als "onnëtz" oder och nach als "Geldmaacherei". E weidere Problem bleiwen d'Navigatiounssystemer, déi d'Autoen nach ëmmer duerch d'Gemeng féieren, respektiv ëmleeden.