E Samschdeg gouf an der Stad de ganzen Dag iwwer mat Animatiounen a Concerte gefeiert.

Véier Statiounen - Gréiwemaacher, Wolz, Stengefort an Diddeleng -  hat déi nei groussherzoglech Koppel hannert sech, wéi si géint 20 Auer an der Stad ukoumen.

Virun der Zeremonie um Glacis an der grousser Droneshow duerno, gouf et eng feierlech Arrivée vun der Groussherzoglecher Koppel an der Stad. Dat Ganzt musikalesch ënnermoolt vun enger Kompositioun vum Lëtzebuerger Pianist Francesco Tristano, deen dëst Stéck extra fir dës Occasioun kreéiert huet.

Iwwerdeems de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie iwwert d'Rout Bréck flanéiert sinn, goufe si vun aacht Tramme suivéiert, déi no an jo hannert hinnen op hirem Wee stoe bliwwe sinn an d'Éieregäscht erausgelooss hunn. D'Arrête vun den Tramme goufen dobäi net willkürlech erausgesicht, mä hunn op aacht thematesch Beräicher baséiert: Zesummeliewen, a Beweegung, Resilienz, Ressourcen, Kreativitéit, Betriibsgeescht, Perspektiven, Europa.

D'groussherzoglech Koppel gouf dono um Glacis op der Tribune d'honneur erwaart, wou si vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polver an dem éischte Schäffen an Ëmfang geholl goufen an e Kaddo iwwerreecht kruten. Dat Ganzt gouf musikalesch begleet vun der Militärmusek.