D'adr huet keng Generalsekretärin méiGibéryen: un zwëschemënschleche Relatioune gescheitert

D'Liliana Miranda huet en Dënschdeg den Owend hir Demissioun vun deem Posten an als Member vun der adr via Twitter bekannt ginn. D'adr-Spëtzt reagéiert.

Demissioun vun der adr-Generalsekretärin Liliana Miranda

Si erkläert hir Iwwerleeungen an engem längeren Text op hirem privaten Internetblog. Déi gebierteg Portugisin war nach op der adr-Lëscht fir d'Europawahlen a seet elo, si hätt et net méi ausgehalen an där Partei, eng Partei déi sech net genuch, an hiren An, vu Rietsextremismus distanzéiere géif an an där et Leit géif, déi kloer rassistesch wieren.

D'Liliana Miranda gesäit sech net als Quotefra oder Quotenauslännerin mat där d'adr hiert Image verbessere wollt. Et wier einfach keen aneren do gewiescht fir de Poste vum Generalsekretär.

Zanter datt de Jean Schoos President vun der Partei ass, wier d'adr e Schëff ouni Kapitän, wou sech nach ëmmer alles ëm eng Persoun dréint an zwar de Gast Giberyen.

Interessant sinn och d'Aussoen vum Liliana Miranda zum Fernand Kartheiser. Si géif net méi wëssen, wat se vun deem hale soll.  Hien hätt sech zum Beispill an der Lescht ëmmer méi derfir agesat fir der CSV méi no ze kommen.

Reaktioun vun der CSV zu den Aussoen vum Liliana Miranda

Dovunner wéist sech d'CSV awer iwwerrascht. Si wéissten näischt dovunner a géifen mat den adr-Vertrieder genau d'selwecht ëmgoen, wéi mat alle Parteien. Den adr sollt léiwer emol fir d'éischt hir Problemer léisen, amplaz sech mat anere Parteien ze beschäftegen, sou d'CSV.

D'adr Politiker Fernand Kartheiser a Roy Reding

Den adr-Deputéierten Fernand Kartheiser huet sech de Moien am RTL-Interview, an enger éischter Reaktioun, iwwerrascht gewisen iwwert Demissioun vun der Liliana Miranda als Generalsekretärin.

Déi Betraffen huet eng sëllech Argumenter fir hir Decisioun opgezielt. Ënnert anerem geheit si der adr fir, sech net genuch vum Rietsextremismus ze distanzéieren an et géife Leit an der Partei ginn, déi kloer rassistesch wieren. De Fernand Kartheiser wëll déi Kritik net sou stoe loossen:

Zäit vu hien President war huet hien zwee Leit nogeluecht d'Partei ze verloossen, well et de Verdacht gouf, datt se rietsextremistesch Ideeën hätten. Am Moment gesäit hien awer keen am Comité, wou hien extremistesch Ideologien gesäit. Et gi Leit mat Vuen, déi net jiddereen deelt, mä déi sinn awer net Extremistesch oder Xenophob, soss géif hien dogéint antrieden, sou de Fernand Kartheiser.

Audio: Fernand Karheiser 1


Enttäuscht vun der Demissioun vum Liliana Miranda ass och de Vizepresident Roy Reding. Si hätt hir Aarbecht exzellent gemaach. Wat d'Kritik vun der fréierer Generalsekretärin ugeet, datt d'Partei ee Schëff ouni Kapitän wier, gesäit de Roy Reding net esou.

Hien betount, datt de Jean Schoos en excellente President wier, och wann hien net e Vollzäitpolitiker wier, mä nach eng Déiereklinik leede géif. Den adr hätt net d'Méiglechkeet op esou vill Deputéierter zeréckzegräifen, fir all Poste mat engem Profipolitker ze besetzen.

Audio: Roy Reding


Dem Roy Reding ass et elo net baang nei Leit ze rekrutéieren, fir d'Plaze vum Generalsekretär an dem Fraktiounssekretär no der Demissioun vum Liliana Miranda nei ze besetzen.

Wat der Liliana Miranda hir Ausso betrëfft, datt sech de Fernand Kartheiser an der Lescht ëmmer méi dofir agesat hätt, fir der CSV méi no ze kommen, sot den adr Deputéierten, datt hien effektiv dozou steet, dass sech d'Oppositiounsparteie sollten ënnertenee koordinéieren:

D'Oppositiounsparteien sollen net hiren eegene Cours fueren, ouni sech mateneen ofzeschwätzen. Dat ass mat de Lénke méi schwéier, mä d'adr an d'CSV kéinte sech op de Punkte wou si sech eens sinn, koordinéieren, seet de Fernand Kartheiser.

Audio: Fernand Karheiser 2



Um Mëttwoch ass d'Parteispëtzt vum adr beieneen, fir iwwert déi nächst Schrëtt ze beroden. Souwuel de Roy Reding wéi och de Fernand Kartheiser ginn awer dovun aus, datt de Poste vum Generalsekretär ganz séier kann nei besat ginn.

Gast Gibéryen zur Demissioun

No der Reunioun vum Nationalkomitee huet och den adr-Deputéierte Gast Gibéryen op Situatioun reagéiert.

Engersäits bedauert d'Parteispëtzt vun der ADR, datt hir Generalsekretärin, Liliana Miranda, hir Demissioun ginn huet. Anerersäits wier des Annonce awer net iwwerraschend komm, sou de Gast Gibéryen an enger éischter Reaktioun. Tëscht de Membere vum Exekutiv, souwéi dem Nationalkomitee an der Liliana Miranda hätten et nämlech ëmmer rëm Divergenze ginn, sou den ADR-Deputéierten am RTL Interview. Wat de Reproche betrëfft, d'Partei hätt rietsextrem Tendenzen, huet de Gast Gibéryen vehement ofgestridden.

D'Partei géif alles maache fir net mat Rietsextremismus a Beréierung ze kommen. Et wieren awer ëmmer rëm Leit, déi dat géife behaapten. D'adr géif op kee Fall Politik a sou eng Richtung maachen, sou nach de Gast Gibéryen. Hien huet bedauert, dass d'Liliana Miranda dëst ni thematiséiert hätt intern an der Partei. D'Zesummenaarbecht wier schlussendlech un deenen zwëschemënschleche Relatioune gescheitert. Do wier et nëmme richteg zu engem gewëssenen Zäitpunkt ee Schlussstréch ze zéien.

Wat déi personell Decisiounen uginn, mussen d'Prozedure lo respektéiert ginn. De Poste vum Generalsekretär a vum Fraktiounssekretär mussen nei besat ginn. De Gast Gibéryen geet dovun aus, dass bannent den nächste Wochen eng Decisioun geholl gëtt. Et wéilt een näischt iwwerstierzen. Déi zwee Poste sollen awer net méi vun enger eenzeger Persoun, mä vun zwou besat ginn. D'Partei géif jiddwerfalls op stabille Féiss stoen, sou nach den ADR Deputéierten, anescht wéi virun annerhallwem Joer, wou d'Partei mat grousse Problemer konfrontéiert wor.

Reaktioun vum Jean Colombera

Eng Reaktioun koum och vum fréieren adr Member Jean Colombera, deen no Divergenzen am Dezember 2012 aus der Partei ausgetruede war. A sengem Communiqué, deen dir hei liese kënnt, spuert hien net mat Kritik un der adr.

Groussen Interview mam Liliana Miranda mat Explikatiounen.





Firwat ech gaange sinn…

Sou. Et ass geschitt. Ech hu mech endlech iwwerwonne kritt fir dat ze maachen, wat ech eigentlech scho laang hätt misse maachen: meng Demissioun ginn. An zwar net nëmmen als Generalsekretärin, mä och als Member vun der ADR.

Wien sech elo erwaart, datt ech iwwert meng fréier Partei hirfallen, kann direkt ophale mat liesen, well e wäert batter enttäuscht ginn, an dat aus ënnerschiddleche Grënn:

1. Ech sinn, mengen ech, en éierleche Mënsch. Gehässegkeete mussen awer wierklech net sinn.

2. Ech war net nëmme Generalsekretärin, mä och a virun allem Fraktiounssekretärin. Ech hu vollzäit fir d’Fraktioun geschafft an hu mech mat mengem Aarbechtskontrakt dozou engagéiert, keng intern Saache weiderzezielen. Dorunner wëll ech mech och halen. Dat, wat ech hei schreiwen, bezitt sech also nëmmen op dat, wat ech als Generalsekretärin erlieft hunn.

3. Fir villes, wat ech eigentlech gäre géif zielen, gëtt et leider keng Beweiser. An ech hunn einfach keng Loscht op sënnlos Diskussiounen, an deenen ech dann als Ligenerin duergestallt ginn. Dofir si meng Zäit a meng Energie mir vill ze vill wäertvoll.

Wou soll ech ufänken? Vläicht bei menger Nominéierung. Ech schreiwe ganz bewosst Nominéierung an net Wal, well dat, wat verschiddener an der ADR ënnert Demokratie verstinn entsprécht wuel net menger Definitioun vun deem Wuert.

Virun anerhalleft Joer (et war den 31. Dezember 2012) gouf ech da gefrot, ob ech dee Poste wéilt iwwerhuelen, nodeems de Fernand Kartheiser als President demissionnéiert hat an de Jean Schoos (deemools Generalsekretär) sollt d’Parteileedung iwwerhuelen. Natierlech war ech begeeschtert. Besonnesch intressant ass, datt den Nationalkomitee einfach matgedeelt krut, datt dat einfach esou war. Ech mengen net, datt et en anere Kandidat gouf. Wier dat de Fall gewiescht, hätte Leit ewéi de Gast Gibéryen alles gemaach fir eng Kampfofstëmmung ze verhënneren. Intern Wale ginn nämlech an der Partei, déi ganz grouss « demokratesch » an hirem Numm stoen huet, einfach net akzeptéiert. Et gëtt etlech Beispiller. De Joe Thein, vun deem ech politesch absolut näischt halen, wollt d’lescht Joer onbedéngt Vize-President vun der ADR ginn, mä ass dru gehënnert ginn, seng Kandidatur ze stellen. Et geet hei net ëm d’Persoun, mä einfach ëm de Prinzip. Besonnesch schlëmm war a mengen Aen och d’Opstellung vun der ADR-Lëscht fir déi lescht Chamberwalen. Et koum zu Streidereien, well béid Spëtzekandidate wollten als éischt op der Lëscht stoen. Amplaz de Bezierkskomitee driwwer ofstëmmen ze loossen, sief et och just pro forma, ass déi Decisioun einfach esou vun enger Handvoll Leit geholl ginn, déi eigentlech näischt dozou ze soen hätten.

Mä zeréck zu menger Nominéierung. Wéi schlecht muss eng Partei dru sinn, fir grad mir dee Posten ze ginn? Obwuel vill dat vläicht geduecht hunn, ass et der Partei absolut net drëms gaangen, hiren Image ze verbesseren. Ech war weder eng Quotefra nach eng Quotenauslännerin. D’Wouerecht ass vill méi banal: et war einfach soss keen do! Grad déi Partei, déi permanent seet, et misst ee Lëtzebuerger sinn, fir Politik ze maachen, sicht sech eng Portugisin eraus fir en dach wichtege Posten, well et soss kee gëtt, fir deen Job ze iwwerhuelen.

Wann dat déi eenzeg Inkohärenz vun der ADR wier, kéint ech iergendwéi nach domadder liewen. Mä leider ass Inkohärenz genee dat, wat déi Partei ausmécht. Et ass einfach ustrengend an enger Partei aktiv ze sinn, an där esou zimlech jidderee Lëtzebuerger Sprooch jäitzt, mä keen esou richteg weess, vu wat e schwätzt. Keen eenzege ka propper Lëtzebuergesch schreiwen, mä si verlaangen all, datt d’Auslänner Lëtzebuergesch léieren. D’ADR ass entstane fir d’Interessie vun de Pensionéierten aus dem Privatsecteur ze verdeedegen, mä och deen Aspekt (net nëmmen d’Pensiounen, mä ganz allgemeng de Privatsecteur) ass komplett aus dem Programm verschwonnen.  D’ADR seet vu sech selwer, si wier wirtschaftsliberal, mä ass der Meenung, datt e Patron sollt Residenten astellen an net Frontalieren. D’ADR ass gesellschafts- a wirtschaftspolitesch konservativ, mä d’Wuert konservativ ass an der Partei verbueden, well verschiddener ze domm oder ze liddereg sinn, fir en Dictionnaire opzeschloen an nozeliesen, wat dat dann iwwerhaapt heescht. Wéi gesot: et ass ustréngend. Ech hu virun allem am Ufank als Generalsekretärin villes vu mir ginn, un dat ech definitiv net gegleeft hunn. Ech hunn et zum groussen Deel gemaach, well et mer wichteg schéngt, eng gewësse Kohärenz ze hunn.  A well ech mer bewosst sinn, datt een an der Parteipolitik ëmmer muss Kompromësser agoen. Haut bedaueren ech dat zudéifst, well meng Efforten absolut näischt bruecht hunn.

Wat mech awer am meeschte verletzt huet, ass a bleift, datt d’ADR sech a mengen Aen net genuch vum Rietsextremismus distanzéiert huet. Fir d’éischt wëll ech awer ënnersträichen, datt ech an der ADR och wonnerbar Leit kennegeléiert hunn, déi absolut näischt mat Xenophobie oder ähnleches um Hutt hunn. Dat gëllt allerdéngs net fir jiddereen. Ech wäert ni vergiessen, wéi ech an enger Versammlung verlaangt hunn, datt mer eis vill méi däitlech vu Parteien ewéi de Front national distanzéieren. D’Äntwert war, datt déi Lëtzebuerger, déi sech mam Marine Le Pen a Co. identifizéieren, och mussen eng Partei wielen. An op déi Stëmme kéint ee schliisslech net verzichten. Datt dat reng politesch eng Idiotie ass (déi Leit wielen egal wéi ADR, well se keng Alternativ hunn), huet där Persoun, déi dat sot, wuel net ageliicht… Mol en anert konkret Beispill: e gewëssenen Timon Müllenheim ass virun zwee Joer aus der Partei ausgetrueden, nodeems hien op de sozialen Netzwierker extrem negativ opgefall war. Méi spéit ass e mat de Lëtzebuerger Patrioten a Kontakt getrueden, déi Gott sei Dank esou patridiotesch sinn, datt si et net mol fäerdegbruecht hunn, eng Lëscht fir d’Walen opzestellen. Fir et kloer an däitlech ze soen: d’Lëtzebuerger Patrioten, vun deneen ech lo net weess, ob se iwwerhaapt nach aktiv sinn, kann ee wuel mat enger NPD gläichstellen. Dobäi kënnt nach, datt deen Timon Müllenheim och nach op de sozialen Netzwierker eng gewëssen « Luxembourg Defense Leage » promouvéiert. Hunn ech schonn erwähnt, datt de Leader vun der English Defence League, un deem sech den Här Mullenheim inspiréiert, kondamnéiert gouf, well e Moslems zesummegeschloen huet? Et huet mech schrecklech schockéiert, datt éischtens den Timon Müllenheim op d’Kongresser vun der ADR komm ass (nodeems en erausgeheit gouf) an datt zweetens ech an der Partei drop opmierksam gemaach hunn a seng Präsenz als ganz normal empfonnt ginn ass (Zitat: « da setze mir en einfach hannen an de Sall, fir datt en net op d’Foto kënnt »). Et muss ee wëssen, datt deem Jong säi Papp, e gewëssene Gerd Müllenheim, op d’mannst grad esou schlëmm ass ewéi de Fils. Et kann ee säin Numm einfach googlen a scho gesäit een, wat deem seng politesch Iwwerzeegunge sinn. Wéi ass et méiglech, datt esou e Mënsch net nëmmen nach ëmmer Member ass an der ADR, mä och nach aktiv ass am Bezierk Zentrum an esouguer Member vum Nationalkomitee? Ass dat de Quotenextremist oder wat?

An dann d’AECR. Dat ass déi europäesch politesch Famill, an där d’ADR zënter e puer Joer Member ass. Ech war schonn ëmmer der Meenung, datt dat eigentlech déi richteg Entscheedung war, där europäescher Partei bäizetrieden. Leider huet d’ECR, also d’Fraktioun am Europaparlament, virun e puer Deeg e puer Parteien opgeholl, déi menger Meenung no inakzeptabel sinn, well se de facto a Richtung Rietsextremismus ginn. Ech fannen et iwwregens schued, datt zu Lëtzebuerg kee Journalist sech dofir intresséiert huet. Mä et kann een déi nei Kollege vun der ADR googlen: et ass engersäits d’Partei « True Finns » (den Numm ass Programm…) an déi dänesch Vollekspartei.

Ech hunn et scho méi uewe geschriwwen: ech hunn an der ADR wonnerbar Leit kennegeléiert. Leider gëtt et och vereenzelt Memberen, déi mol net xenophob, mä carrément rassistesch sinn, an zwar am eigentleche Sënn vum Wuert. Ech wäert ni vergiessen, wéi d’lescht Joer bei engem Kongress e Member bei mech komm ass fir sech iwwert – Zitat – « Negeren » opzereegen, déi an hirer Stad wunnen. Dat ass allerdéngs nach bal fein par rapport zu deem, wat anerer vu sech ginn hunn. Ech mengen awer net, datt et vill bréngt, all déi inakzeptabel Aussoen néierzeschreiwen, déi ech am Laf vun der Zäit ze héiere kritt hunn. Déi Leit liewen an enger komescher Welt. Anescht kann ech mer net erklären, datt se grad mir – der béiser Auslännerin – esou Saache gezielt hunn.

Ech kommen net dolaanscht och iwwert d’Parteiféierung ze schwätzen. Et geet mer hei absolut net drëms, iergendee perséinlech ze attackéieren. Ech muss awer soen, datt d’ADR zënter engem Joer e Schëff ouni Kapitän ass. Ech ka gutt novollzéien, datt den aktuelle President, dee säi Betrib muss leeden, aner Prioritéiten huet ewéi d’Partei. Dat huet en och méi ewéi eng Kéier ganz däitlech ze verstoe ginn. Wéi oft krute mer ze héieren, hie wier schliisslech den eenzegen, deen net fir seng parteipolitesch Aarbecht bezuelt gëtt (wat esou ganz niewebäi gesot absolut net stëmmt). Dat ass jo schéin a gutt. Mä esou kann eng Partei dach net fonctionnéieren. Déi eng si Studenten a leeden eng Partei, déi bei den Europawalen e genialt Resultat krut; an déi aner hunn eben e Beruff a bréngen et net fäerdeg, eng Partei esou ze leeden, ewéi dat eigentlech sollt sinn. Och hei muss ech soen, datt dat virun allem dorunner läit, datt d’lescht Joer absolut keen do war, deen eventuell hätt kéinte President ginn. Dat seet ganz vill aus iwwert eng Partei, déi et iwwert 25 Joer gëtt. An déi a Saachen Nowuespolitiker absolut näischt gemaach huet a mécht. D’Partei lieft nach ëmmer ronderëm eng Persoun, an dat ass de Gast Gibéryen. Ouni hie gëtt keng eenzeg Decisioun geholl. Dat läit net exklusiv u senger Perséinlechkeet, mä och un där vum aktuelle President, deen sech net wëll oder kann duerchsetzen. Natierlech war dat ënnert engem Fernand Kartheiser ganz anescht. Mä och hie war, menger Meenung no, net déi richteg Persoun, fir d’ADR ze leeden.

A propos Fernand Kartheiser. Ech hu virun 2 Joer ugefaangen, bei der ADR ze schaffen, well hie mech deemols rekrutéiert huet. Haut weess ech guer net méi, wat ech vun där Persoun soll halen. No der ganzer Geheimagent-Affär sinn ze vill Saache geschitt, déi ech vläicht iwwerinterpretéieren, mä mat deenen ech mech einfach net wuel fillen. Et ass an der Partei ni oppen iwwert déi ganz Geschicht geschwat ginn. Dat hätt och net vill bruecht, well de Fernand Kartheiser souwisou näischt verroden hätt (falls et eppes ze verrode gëtt). Mä ass et normal, datt grad hien sech deslescht ëmmer nees dofir agesat huet, datt mer der CSV méi no kommen? Ass et normal, datt CSV-Leit der ADR ugebueden hunn, fir sech no den Europawalen ze gesi fir ze kucken, wéi ee kéint besser zesumme schaffen? Ech kann dat beim beschte Wëllen net verstoen. An dann, wéi gesot, ëmmer nees déi louche Undeitungen (an zwar ëmmer vun därselwechter Persoun), datt een eis Relatioune mat der CSV misst iwwerkucken. Ech sinn definitiv keng Konspiratiounstheoretikerin (a wat huet et mech genervt, permanent mat deenen ze dinn ze hunn an der ADR…), mä: wann een eent plus eent zesummenzielt, dann… 

Schliisslech wëll ech och nach bäifügen, datt et natierlech einfach ass, ëmmer deenen aneren d’Schold ze ginn. Ech hu selbstverständlech Feeler gemaach. Esouguer ganz vill. Ech hat an deene leschte Méint einfach keng Gedold méi an ech hat och méi ewéi eng Kéier Reaktiounen, déi ech bedaueren. Ech hunn am Géigesaz zu villen aneren absolut guer kee Problem domadder, Feeler anzegestoen. Mir kann een awer definitiv net virwerfen, ech hätt iergendeppes mat dëser Aktioun ze gewannen. Dat war vläicht bei engem Henckes oder Colombera de Fall. Ech hunn – fir déi, déi et vläicht nach net sollte verstanen hunn – haut mäin Job verluer. Ech hunn och nach keen anere fonnt. Vun haut u sinn ech aarbechtslos. Well ech et an där Partei net méi ausgehalen hunn. Well ech mir selwer wollt trei bleiwen. Well ech net wëll e Clibchen ënnerstëtzen, deen zum Deel xenophob ass. Wien also vun haut u mengt, e misst iwwert mech hirfalen, sollt dat vläicht bedenken.

Zum Schluss nach eppes Positives: Politik ass méi ewéi Parteipolitik. Ech hu mech schonn ëmmer fir eng Rei Sujeten intresséiert, déi ech och an Zukunft wëll uschwätzen. Ënner wat fir enger Form dat geschitt, dat steet definitiv nach an de Stären. Mä ech sinn, och ouni politesche Posten, nach ëmmer hei. A meng politesch Iwwerzeegungen och. Dëst ass also keen Äddi, mä just e klengen « bis dann ». 

Pressemitteilung der CSV

Die CSV ist äusserst erstaunt, dass die demissionäre ADR-Generalsekretärin als einen ihrer Rücktrittsgründe eine angebliche Annäherung von ADR und CSV angibt.

Die CSV weiss nichts von einer solchen Annäherung. Die CSV hat im politischen Alltagsgeschäft mit ADR-Vertretern den gleichen Umgang wie mit den Vertretern aller anderen Parteien. Nicht mehr und nicht weniger.

Statt sich mit anderen Parteien zu beschäftigen, sollte die ADR zuerst einmal ihre eigenen Probleme lösen.

Mitgeteilt vum CSV-Generalsekretariat



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.