Fënnef Blesséierter bei engem Accident tëscht Dikrech a Steeën
© RTL Archiv
E Freideg den Owend respektiv an der Nuecht op e Samschdeg hunn d'Ekippe vum CGDIS sech missen ëm eng ganz Rei Blesséierter këmmeren.
Déi meescht dovun, ganzer fënnef Stéck, gouf et, wéi um 3.50 Auer um Samschdegmoien en Auto op der RN14 tëscht Dikrech a Steeën accidentéiert ass. Hei waren nieft dem Samu vun Ettelbréck och d'Ambulancieren aus der Fiels an der Nordstad, grad ewéi d'Pompjeeë vun Angelduerf an aus der Nordstad am Asaz.
En Accident mat engem Blesséierte gouf et da kuerz virdru géint 3.38 Auer um CR174 tëscht Déifferdeng an dem franséischen Hussigny. Hei goufen d'Pompjeeën an d'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op d'Plaz geruff.
Da mellt de CGDIS nach en Accident vum Freidegowend. An der Route de Mondorf zu Beetebuerg hate sech zwee Autoen ze pake kritt. D'Ambulanciere vu Beetebuerg an Diddeleng hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert. Donieft waren och d'Beetebuerger Pompjeeën hei am Asaz.