E puer Persoune goufe festgeholl respektiv am Passagearrest ënnerbruecht
© RTL Archiv
Zanter e Freidegmoien huet d'Police an der Stad e puer Persoune festgeholl. Anerer goufen an de Passagearrest gesat.
E Freidegmoien hu Beamte vun der Police am Garer Quartier an der Stad eng Persoun kontrolléiert, bei där de Verdacht opkomm war, dass si mat Droge géing Dealen. Wärend der Kontroll hätt si eng wäiss Bull, déi a Plastik gewéckelt war, ofgeschléckt. Op Uerder vum Parquet gouf si am Scanner ënnersicht. Dobäi huet sech erausgestallt, dass de Mann nach weider 18 Géigestänn am Kierper hat. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
E Freideg am Nomëtteg krut d'Police dann en Déif an engem Buttek an der Stad gemellt. Dësen hätt kuerz no 14 Auer eng Jackett geklaut. D'Police huet eng Enquête lancéiert, an d'Beamte konnte schliisslech e verdächtege Mann, deen déi geklaute Jackett unhat, an der Rue Emile Reuter lokaliséieren. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Samschdegmoie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Géint 21 Auer e Freideg krut d'Police dann eng Persoun gemellt, déi zwou aner Persounen am Garer Quartéier géif menacéieren. Beamte vun der Police konnten e Verdächtegen identifizéieren. Dëse gouf fir déi weider Demarchë mat op de Policebüro geholl. Hei ass hien allerdéngs aggressiv ginn an huet op d'Beamte gespaut an hinne gedreet, si ëmzebréngen. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.
Doriwwer eraus goufen zwou Persounen am Passagearrest ënnerbruecht:
An der Nuecht op e Samschdeg ass enger Policepatrull am Garer Quartier e Grupp vu Persounen opgefall, well dës fortgelaf sinn, wéi si d'Beamte gesinn hunn. Et ass de Beamte gelongen, eng vun de Persounen ze stoppen. Dës gouf iwwerpréift an et gouf keng Strofdot festgestallt. Allerdéngs huet staark alkoholiséierte Mann sech géigeniwwer de Beamten ëmmer méi provokativ verhalen, bis hie si schliisslech menacéiert huet.
Am weidere Verlaf vun der Nuecht huet d'Police dann eng weider Persoun am Garer Quartier lokaliséiert, déi beim Ubléck vun de Beamte fortgelaf ass, fir sech enger Kontroll ze entzéien. D'Beamte konnten de Mann erëmkréien. ma och hien huet sech bei der Kontroll ganz onkooperativ verhalen. Ënner anerem hätt hie gejaut, sech op de Buedem fale gelooss a mat de Féiss ëm sech getrëppelt, wéi d'Beamten hien ophiewe wollten.