Wat maache mam invasive Wäschbier?
An den 1930er Jore waren d'Pelzemäntel nach "e moudeschen Highlight", an eent vun den Déieren, deem säi Pelz do besonnesch gefall huet, war de Wäschbier.
Sou koume si op den europäesche Kontinent an hu sech hei wuel gefillt. Mam Resultat, dass d’Populatioun vum Wäschbier haut, bal 100 Joer méi spéit, explodéiert ass. An der tëscht wieren d'Wäschbieren eng grouss Gefor fir aner, heemesch Déieren, esou d'Experten.
De Wäschbier lieft nawell gären am Concubinage mat eis Mënschen. D’Amerikaner nennen en iwwregens ëmgangssproochlech "Trash Panda", well e genee weess, wéi een en Drecksbac opmécht. Fäerten deet hie keen an näischt, an dobäi steet en an Europa op der Lëscht vun den invasiven Aarten, kann a soll also gebremst ginn, wat seng Ausbreedung ugeet.
E Gesell mat zwee Gesiichter
Fir de Jeeër ass dat, an der Reegel, keng gréisser Affär. D’Juegd op dee klenge Fatzert ass och d’ganzt Joer iwwer op. Obschonns e meeschtens nuets ënnerwee ass, goufen 2015, 633 Wäschbiere geschoss; 2022 zielt de Statec der schonn 1.357.
Rezent Chiffere komme vu Wëntger: eleng do sinn 2023 der Naturverwaltung no 168 Wäschbieren erschoss ginn.
D’Näschter vu Vullen, jonk Kaweechelcher, kleng Huesen an d’Fräschen – kee vun hinnen ass virum Wäschbier sécher, erkläert d’Carmen Weisgerber, Directrice adjointe vun der Naturverwaltung. Ugangs huet een hien nëmmen am Éislek begéint, haut gefält et dem Wäschbier awer och op engem Stater Späicher.
De Wäschbier schued der heemescher Fauna
Wat maache mam Déier, dat engem, esou léif wéi et sech ugesäit, relativ séier op d’Strëmp ka goen? En autoriséiert Afänke geet - anzwousch anescht nees aussetzen ass awer verbueden. D’Wëlldéierestatioune sinn dofir hei och net déi richteg Adress. An och d’Déiereparken hei an am Ausland sinn, wat Wäschbieren ugeet, ausgebucht.
Einfach esou dout maache wier u sech erlaabt, ebe well e Wäschbier eng invasiv Aart ass, weess de Felix Wildschütz. Allerdéngs just ënnert der Bedingung, dass dat esou an engem Aktiounsplang festgehale wier. Dat wier Saach vum Environnement, seet de Chef vun der Veterinärsinspektioun, deen all Responsabilitéit un dee Ministère viru gëtt.
Mee och den Ëmweltministère, also d’Naturverwaltung, seet sech just verantwortlech, bis de Wäschbier an der Fal sëtzt.
E Wäschbier sëtzt an der Fal – a wat dann?
Wann et net am Kader vun der Juegd wier, bräicht een eng Geneemegung fir dëst Déier ze fänken. Esou eng kréich een zimmlech séier, wann ee sech bei der ANF mellt. Eng 30 Demanden an Autorisatioune wieren zejoert erausgaangen. Et hätt ee sech vill Gedanken heiriwwer gemaach. Och iwwer d’Falen, déi streng Critère missten erfëllen – d’Déier dierft hei op kee Fall leiden, sou d’Carmen Weisgerber aus der Naturverwaltung. Gesicht géif och no Léisungen iwwer de Wee vun der Simplification administrative.
Deen, deen e Wäschbier gefaangen huet, bleift sech haut also nach selwer iwwerlooss a muss mat sengem Gewëssen ausmaachen, wat e mat dem Déier mécht. An et vläicht einfach gewäerde léist, bis d’Autoritéiten – mat de Ministeren un der Spëtzt - sech eens sinn iwwer d’Schicksal vum Wäschbier.