Méi wéi e Buttek
Hannert dem Friendship-Buttek stécht eng Visioun, déi vill Volete betrëfft, wéi d'Santé, d'Educatioun oder nach d'Emanzipatioun vun de Fraen.
Um Bord vun der Weltklimakonferenz a Brasilien krut d'ONG "Friendship" den "Earth-shot Prize". En internationale Präis, dee vum brittesche Prënz William vergi gouf, fir innovativ Iddien a Saachen Nohaltegkeet. D'ONG "Friendship" huet zanter bal 20 Joer och eng Entitéit zu Lëtzebuerg. Visibel duerch de Buttek an der Stater Beaumontsgaass. Mee derhannert stécht vill méi.
Zwee Mataarbechter aus dem Bangladesch sinn den Ament zu Lëtzebuerg op Besuch. An dat weist zimmlech gutt, wat "Friendship" eigentlech ass. Eng ONG aus dem Bangladesch, déi an enker Partnerschaft steet mat der Entitéit hei zu Lëtzebuerg, mee och zum Beispill mat där an Holland oder an der Belsch. Ma den direkten Echange steet am Fokus. Ebe wéi bei enger Frëndschaft.
De Buttek hei zu Lëtzebuerg ass deen eenzegen an Europa. A Produktiounszentere fir Textilien am Bangladesch schaffen eng 350 Leit, haaptsächlech Fraen, déi d’Produiten hierstellen, déi hei verkaf ginn. "Et ass magesch", seet d’Corinne Hoffelt. Si ass zanter 2018 mat dobäi an och Benevole am Buttek. Si war selwer scho mol mat an de Bangladesch, fir d’Mataarbechter an hiren Know-How op der Plaz kennen ze léieren.
Ma d'Kleeder an d'Accessoirë sinn awer nëmmen ee Volet vun den Aktivitéiten, déi d'Organisatioun mécht. Doriwwer eraus ass "Friendship" nämlech staark am Gesondheetsberäich aktiv, an net nëmmen. D’ONG huet och 7 Spidolsschëffer, déi op de grousse Flëss am Land d’Gesondheetsversuergung direkt bei d’Leit bréngen. Mee Friendship huet och 50 Schoulen, esou de Marc Elvinger, President vu Friendship Luxembourg.
Wéi zum Beispill de Projet, deen d'Opmierksamkeet vum Jury vum Earthshot Prize ugezunn huet. Nämlech d'Reforestatioun vu Mangrove-Beem laanscht d'Flossränner. Fir dass déi lokal Populatioun op der enger Säit vun der Biodiversitéit profitéieren kann, mee och besser virun heftege Stierm geschützt ass. An dobäi huet Lëtzebuerg eng wichteg Roll gespillt, notamment duerch de Finanzement vum Ëmweltministère, erkläert de Stéphane Van Haute, Manager vun dësem Projet. Duerch d’Vertraue vum Ministère hätt dësen éischte Projet mat 40 Hektar kënne getest ginn, esou de Stéphane Van Haute. Haut wier ee bei iwwer 200 Hektar.
Den Earthshot-Präis ass mat enger Millioun Pond dotéiert. Suen, déi d'ONG notze wëll, fir den Impakt an d'Hëllef fir d'Leit am Bangladesch weider auszebauen. "En Deel vum Präisgeld investéiere mir fir den Accès a méi grouss Klima-Fongen. An da wëlle mer och en Deel notzen, fir innovativ Approchen, déi mir soss net kéinten ëmsetzen", seet den Turza Rahman. Hien ass am Bangladesch Responsabel fir d'Relatioune mat den Donateuren.
Hannert dem Friendship-Buttek stécht also eng Visioun, déi vill Volete betrëfft, wéi d'Santé, d'Educatioun oder nach d'Emanzipatioun vun de Fraen. Well déi klimatesch Erausfuerderungen och global Auswierkungen hunn.