Rheumatesch Erkrankungen, déi duerch den Immunsystem gesteiert sinn, kënne Mënsche vun all Alter treffen.

Eng 9.000 Patienten a Patientinne ginn zu Lëtzebuerg behandelt, dovunner sinn 90 Kanner. D’Tendenz geet erop. Ëmweltgëfter si wuel ee vun de Facteuren dofir, erkläert den Dokter Marco Hirsch, dee Rhumatologe an den Hôpitaux Robert Schuman ass.
 
Zanter véier Joer schonn ass d’Corinne Guazetti wéinst enger Polyarthrite rheumatique bei him a Behandlung. Wärend der Covid-Pandemie huet si éischt Symptomer kritt, déi séier méi schlëmm gi wieren. Fir d’éischt hätt si en Traitement a Frankräich ugefaangen. "Et huet e bëssi gedauert, bis ech iwwerhaapt en Traitement krut. D’Krankheet konnt sech esou ausbreeden. Ech mengen, mer hunn e bëssi Zäit verluer", erzielt si. Et war um Enn am Service vun der Rhumatologie an den Hôpitaux Robert Schuman, wou si Hëllef fonnt huet.
 
Genau fir Fäll wéi dës z’evitéieren, gouf de Reseau lancéiert. Fir dass hei am Land keng Zäit fir eng Diagnos verluer geet. Beim Verdacht op Entzündungskrankheete solle Patienten direkt gesi ginn. "De Prognostik vun deene Krankheeten ass wierklech ofhängeg vun der Schnellegkeet, mat där d’Behandlung ugesat gëtt. A bei esou Entzündungskrankheeten gëllt: wat se méi séier gesi ginn, wat mer manner Schued dono kréien", erkläert den Dokter Marco Hirsch.
 
Dat neit Netzwierk verbënnt déi verschidde Kompetenzen aus alle Klinicken. Awer och doriwwer eraus sollen all d’Leit an de Gesondheetsberuffer besser forméiert ginn, fir eng flächendeckend Prise en charge z’erméiglechen. "Mir kollaboréiere mat Rheumatologen an Infirmièren. A mir wëllen de Reseau och ëm Ergotherapeuten, Kinéen, Psychologen, Dieteticiennen a Podologen erweideren. D’Leit aus de Santésberuffer sollen hier Kompetenzen zesummebréngen", betount d’Referenz-Infirmière aus den HRS, d’Raluca Marinescu. Dovunner kéinten d’Patienten dann an den diverse Stadie vun hirer Erkrankung profitéieren. "D’Netzwierk soll, wat mir nennen: 'Parcours de soins intégrés' maachen. Dat wëllt soen, dass d’Patienten en Fonctioun vun der Gravitéit vun hirer Krankheet orientéiert ginn op e spezielle Parcours", seet den Dokter Marco Hirsch. Wiem et gutt geet, dee bräicht jo net vill. Ma en anere bräicht méiglecherweis vill Begleedung vu ville Spezialisten.

Den offizielle Startschoss vum Reseau war an der Ecole de Santé zu Stroossen, wou en de Leit aus dem Gesondheetsberäich an de Patiente presentéiert gouf. Och en Internetsite RIR.lu ass schonn online ze fannen. Divers Moyene sollen den Dokteren och hëllefen, d’Krankheet éischter ze detektéieren. "Mir hunn zum Beispill e Froebou fir d’Polyarthrite entwéckelt. Dëse kann de Patient, deen de Verdacht huet eng rheumatesch Entzündung ze hunn, mat sengem Hausdokter ausfëllen", ënnersträicht den Dokter Rafa Triki, deen de Reseau mat koordinéiert. Am Reseau géing ee sech dann engagéieren, dass de Patient an den nächsten zwou bis maximal dräi Wochen e Rhumatologe ze gesi kritt.
 
Groussen Defi wier elo de Projet un d’Lafen ze kréien, an dono eng Relève vu jonken Dokteren am Domaine vun der Rhumatologie ze fannen.