De Lëtzebuerger Sänger huet sech bei der däitscher Castingshow fir déi nächst Ronn qualifizéiert.

Dat nodeems hie sech an de sougenannte Battles duerchgesat huet. An engem Post op sengem Facebook-Profil huet den Andrea Galletti säi Respekt géigeniwwer senge Konkurrenten ausgedréckt a sengem Coach, dem Rea Garvey, fir dësem säi Vertraue Merci gesot.