Zanter e Freidegnomëtteg gouf op fënnef verschidde Plazen am Land agebrach respektiv versicht anzebriechen.

Géint 18.30 Auer e Freidegowend huet e Bewunner vun engem Haus zu Nidderfeele sech bei der Police gemellt. Dat well eng Fënster futti wier an hie verdächteg Geräischer géing héieren. Et huet sech erausgestallt, dass onbekannt Täter d'Fënster ageschloen haten. An d'Haus agedronge waren dës awer net. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet, déi awer negativ verlaf ass.

E weideren Abroch gouf et da géint 19.45 zu Biissen. Hei haten d'Brigang eng Terrassendier aus den Aangele gehuewen, fir sech Zougang zum Haus ze verschafen. Si hunn d'Haus duerchwullt a sinn duerno fortgelaf. Och hei gouf eng Enquête lancéiert, déi awer kee Resultat bruecht huet.

Kuerz virun Hallefnuecht huet dann e Bewunner vun engem Appartement am Stater Gronn eng onbekannt Persoun a sengem Doheem entdeckt. Wéi hien dës zur Ried gestallt huet, ass si geflücht.

Zwee weider Abréch goufen dann am Laf vum Freidegnomëtteg respektiv Owend zu Monnerech a Biissen gemellt.

An der Nuecht op e Samschdeg goufen dann dräi Vëloen aus der Garage vun engem Haus am Rollengergronn geklaut.

An alle Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.