Der Police sinn e puer alkoholiséiert Chaufferen opgefall
© RTL Archiv
Um fréie Samschdegmoie sinn der Police dräi Persounen opgefall, déi sech ënner Alkoholafloss hannert d'Steier gesat haten.
Géint 5 Auer e Samschdegmoien ass enger Patrull vun der Police en Auto bei engem Stoppschëld zu Diddeleng opgefall. Dat well de Chauffer siichtbar Schwieregkeeten hat, fir nees unzefueren. Hien huet schliisslech mat sengem Bäifuerer d'Plaz gewiesselt, sou dass dëse weidergefuer ass. D'Beamten hunn d'Gefier doropshin ugehalen a béid Chauffere goufe kontrolléiert. Ee vun hinnen huet den Alkoholtest refuséiert, sou dass e Fuerverbuet géint hie geschwat gouf. Beim zweete Chauffer war den Alkoholtest positiv. Et gouf e Protokoll erstallt an den Auto gouf saiséiert.
Géint 5.30 Auer krut d'Police dann en Accident an der Rue de Hussigny zu Déifferdeng gemellt. E Chauffer hat hei mat sengem Gefier d'Leitplank ze pake kritt a sech doropshin e puer Mol mat dësem iwwerschloen, séier e schliisslech mat de Rieder um Buedem nees un d'Stoe komm ass. Och hei war den Alkoholtest positiv an et gouf e Fuerverbuet verhaangen. De Mann koum nom Accident fir eng Kontroll an d'Spidol.