54. Internationale Bazar de Weekend an der Luxexpo
Südamerikanesch, europäesch, asiatesch an amerikanesch Spezialitéite kritt een de ganze Weekend an der Luxexpo an dat alles fir de gudden Zweck.
Ronn 90 Organisatioune stinn dëst Joer nees op der Lëscht fir finanziell gehollef ze kréien, och Lëtzebuerger Associatiounen. Nieft dem karitativen Aspekt, steet de Bazar och fir d'Zesummeliewe vun de verschiddene Kulturen. Iwwer 50 Natiounen hunn ee Stand an der Luxexpo. An déi proposéieren allerhand Saachen, wéi zum Beispill Bijouen, Kleeder an natierlech och eppes guddes fir z'iessen.
Héije Besuch um Samschdeg: Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie ware sech d'Stänn ukucken. Begleet goufen si vum Chamberpresident Mars di Bartolomeo a vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.