Récktrëtt vum Steeseler Gemengepapp Fernand Marchetti

© RTL (Archiv)
Am Alter vu 76 Joer zitt sech de Fernand Marchetti vum Poste vum Buergermeeschter a ganz aus der Politik zeréck.
RTL hat et am Juni annoncéiert, elo ass den Datum gewosst, wéini datt et zu Steesel wäert et zu engem Wiessel um Poste vum Buergermeeschter ginn. An Zukunft kéint dann och eng Politikerin d'Gemeng leeden.
Den aktuelle Gemengepapp Fernand Marchetti wäert nämlech den nächsten Méindeg am Conseil säi Récktrëtt erareechen a sech dann och ganz aus der Politik zeréckzéien.
De 76 Joer alen LSAP-Politiker steet zanter dräi Joer un der Spëtzt vun der Steeseler Gemeng, nodeems hien de Buergermeeschter-Poste vum Jempi Klein iwwerholl hat. Virdru war de Fernand Marchetti zanter 2011 zweete Schäffen. Do virdrun hat de Politiker iwwer 30 Joer als Gemengesekretär zu Steesel geschafft.
Wat d'Successioun um Stull vum Buergermeeschter ugeet, sou kéint et zu engem Generatiounswiessel kommen. Wéi si RTL ewell viru Méint op Nofro hi confirméiert hat, ass déi 40 Joer al LSAP-Conseillère Manon Kolber-Hoffmann um Posten interesséiert.
D'Politikerin war bei de Gemengewalen 2023 op déi sechste Plaz op der LSAP-Lëscht komm an hat domadder ee Sëtz am Gemengerot verpasst. Ugangs 2024 ass d'Madamm Kolber awer fir hir Parteikolleegin Monique Feltgen nogeréckelt.
Zu Steesel ass eng rout-blo Koalitioun aus LSAP an DP um Rudder, déi 9 vun den 11 Sëtz huet. Am Koalitiounsaccord steet, datt d'LSAP mat hire 5 Mandater wärend der ganzer Legislaturperiod de Buergermeeschter stellt. D'DP huet 4 Conseilleren a stellt mam Siggy Rausch an dem Claude Schintgen déi zwee Schäffen. All Kéier 1 Sëtz am Steeseler Gemengerot hunn d'CSV an déi Gréng.