Mëtt 2027 soll an der Gemeng Kielen grénge Waasserstoff produzéiert ginn, mat Hëllef vu Photovoltaik a Wandkraaft.

Echo-Waves, esou heescht deen éischte Projet, deen am Kader vum europäeschen Innovatiounsfong zeréckbehale gouf. E gëtt mat EU-Gelder an Héicht vu ronn 13 Milliounen Euro finanzéiert. E weidere Schrëtt a Richtung Dekarboniséierung vu Mobilitéit an Industrie.
 
Zwee Partner hu sech hei zesummegedoen. GPSS huet viru ronn engem Joer déi éischt Agri-PV-Anlag tëscht Kielen a Keespelt a Betrib geholl. Soler wäert elo e grousst Wandrad um selwechte Site bauen. Allebéid ginn dann direkt un en Elektrolyseur ugeschloss. Op déi Manéier kann da Stroum gespäichert ginn.

Mam Projet Echo Wawe misst et méiglech sinn, bannen 10 Joer eng 2.900 Tonne gréngen Hydrogen ze produzéieren, mat Hëllef vun deem am selwechten Zäitraum souvill CO2 agespuert kéint ginn, wéi wann ee 5.590 Mol mam Auto ronderëm d'Äerd fuere géif. Nieft Busentreprisen oder Transportfirmae kënnen och Industriebetriber hei am Land mat Camione beliwwert ginn.

RTL

© Jeannot Ries

Den Ament sinn zwee Projete bekannt, fir lokal zu Lëtzebuerg grénge Waasserstoff ze produzéieren. Ier a ronn engem Joerzéngt dat grousst Europäescht Waasserstoff-Netz a Betrib geholl ka ginn. D'Regierung ass den Ament mat eisen dräi Nopeschlänner a Kontakt, fir do op kee Fall den Zuch ze verpassen.