D'Police Judiciaire huet e Méindeg 2 presuméiert Abriecher no Observatioun op frëscher Dot zu Bartreng kënne festhuelen.

Si goufe vun de Beamte gestallt, wéi se mat engem Gefier versicht hunn, sech erfort ze maachen. Ee vun den zwee Männer hat um Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Deen anere behaapt, mannerjäreg ze sinn a gouf deemno an eng entspriechend Struktur bruecht. Hiert Gefier gouf saiséiert.