Jonker fir d’Aarbechtswelt begeeschteren an déi vereenzelt Beruffer valoriséieren, dat ass ënner anerem och ee But vun den Euroskills.

19 jonk Lëtzebuerger sinn och mat dobäi gewiescht. De Florian Theisen an den Nico Fuchs gewanne Sëlwer an der Kategorie Landschaftsgärtnerei an véier Participante kréien de "Medallion for Excellence". Dëse Medaillon gëtt et onofhängeg vun der Konkurrenz fir déi eege Leeschtung, wann een eng gutt Punktzuel erreecht huet. Dëst Joer waren dat vum Team Lëtzebuerg, d'Laurence Bley, de Sébastien Fohr, de Jannik Bares an de Pit Hansen

2027 sinn déi nächst Euroskills. An déi organiséiert Lëtzebuerg mat Däitschland zesummen. Och wann d'Haaptevent zu Düsseldorf wäert sinn, spillt Lëtzebuerg eng Roll an anere Beräicher, wéi de Luc Weis, den Direkter vum Script erkläert: "Lëtzebuerg ass zoustänneg fir de Kaderprogramm, dat heescht fir de pedagogesche Kaderprogramm. Wann dir hei ronderëm gitt, gesi dir iwwerall esou Try-a-Skill- Arealen. Also Plazen, wou ee kann seng Talenter entdecken. An et ass genee dat, wat mir als Script, als Service vun der formation professionelle 27 wäerte weisen zu Düsseldorf. Nämlech Manéieren, wéi ee Jonker fir Handwierks- an Industrieberuffer ka motivéieren a begeeschteren."