"Mir hunn där Reform net genuch Zäit ginn"

© RTL (Archiv)
De President vum Syndicat National des Enseignants (SNE) huet fir d'Rentrée kloer Wierder iwwert de Pilotprojet vun der Alphabetiséierung fonnt.
"Mir hunn där Reform net genuch Zäit ginn a mer riskéieren doduerch an eng Mauer ze lafen!" Dat sot de President vum SNE, de Patrick Remakel en Dënschdeg de Moien op hirer Rentréespressekonferenz iwwert de Pilotprojet vun der Alphabetiséierung. D'Enseignantsgewerkschaft gesäit e fundamentale Problem beim Projet "Alpha".
An zwar, datt et vill ze fréi wier vun engem Erfolleg ze schwätzen: "An eisen Aen hätt misse gewaart ginn, bis dass d'Kanner aus de Pilotschoulen de ganze Parcours vum Cycle 1 bis an de Cycle 4 duerchlaf, de Passage vum Fondamental an de Secondaire absolvéiert hätten, ier een definitiv Konklusiounen hätt kënnen zéien."
Datt d'Evaluatioun vum Educatiounsministère bis ewell positiv ausgefall wier, wier net weider verwonnerlech, sou de Patrick Remakel:
"Alleguerten déi Kanner, déi elo op Franséisch alphabetiséiert ginn, dat si jo déi, wou d'Sprooch, d'Mammesprooch méi no beim Franséischen ass. Dass dat eng Plus-value fir déi ass, dat schéngt eis kloer ze sinn. Mee wou sinn déi Kanner herno um Enn vum Cycle 4?"
Duerch déi zwou parallel Alphabetiséierunge mat gemëschte Klasse géifen dem SNE no vill Contrainten entstoen, wouduerch et nach méi schwéier wier wéi bis elo, fir Stonnepläng opzestellen. Si hätten dofir fir eng aner Approche plädéiert:
"Mir hätten de Schoulen de Choix gelooss ze decidéieren, ob si wéilte gemëschte Klasse maachen oder awer, a Funktioun vun déi jeeweilege Schülerzuelen, getrennte Klassen, déi op Franséisch a getrennte Klassen, déi op Däitsch alphabetiséiert ginn, geschafe solle ginn."
A Punkto Inclusioun an den Encadrement vu Kanner mat spezifesche Besoinen ass et dann d'Fuerderung vum SNE, fir déi Ressourcen déi een huet och do anzesetzen, wou ee se brauch. D'Enseignantsgewerkschaft begréisst iwwerdeems, datt d’Smartphonë vun Ouschteren un an de Grondschoule verbuede goufen.