D'Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF huet den 1. September israeelesch Staatsemprunten op den europäesche Finanzmäert gréng Luucht ginn.

De Ball läit beim Ausseminister Xavier Bettel, esou d'Deputéiert en Dënschdeg de Moien no enger Sitzung vun der Chamber Finanzkommissioun.

Den Direkter vun der CSSF, de Claude Marx, hätt hinnen erkläert, datt, wann et europäesch oder national Sanktioune géint Israel géif gi wéinst dem Krich géint d'Palästinenser, kéint d'CSSF dann och hir Autorisatioun réckgängeg maachen. D'Gréng Deputéiert Sam Tanson huet vun engem neien Ament geschwat. Och den ADR-Deputéierten Tom Weidig an de Piraten-Deputéierte Sven Clement soten et wier en Dënschdeg kloer ginn, datt et un der Regierung oder un der Chamber wier, ze decidéieren, wéi ee mat Israel ëmgeet. Fir si hätt d'CSSF alles richteg gemaach.

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, dee konnt d'Decisioun vun der CSSF novollzéien, och wann et a sengen Ae genuch aner juristesch Unhaltspunkte géing ginn, fir den israeelesche Bonds keng Autorisatioun ze ginn. Sou zum Beispill d'Avise vun der UNO oder ONGen oder nach d'Urteel vum internationale Strofgeriicht géint den israeelesche Premier Netanjahu. Datt de Lëtzebuerger Ausseminister nach e Méindeg gesot hätt, hien hätt näischt mat der Decisioun vun der CSSF ze dinn, huet de Franz Fayot als "politesch Abdikatioun" bezeechent.

Den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk, deen huet en Dënschdeg de Moie begréisst, datt d'Mobiliséierung vun de leschten Deeg géint d'Autorisatioun fir d'israeelesch Bonds "Friichte gedroen" hätt. A sengen Aen hätt d'CSSF sech zwar scho vill Gedanke gemaach, mee net genuch. Well a sengen Aen d'Decisioune vun der Finanzopsiicht Lëtzebuerg als Staat par rapport zum internationale Recht "bënnt".

De Parteikolleeg vum Ausseminister, den DP-Deputéierten André Bauler, huet just widderholl, datt d'CSSF keng aner "Handhab" gehat hätt, mee "déi eng oder aner Entwécklung" ëmmer méiglech wier. D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm sot hirersäits, et géing een elo en Datum sichen, fir de Xavier Bettel an d'Kommissioun anzelueden.

Bréif un Ausseministère 2 Wochen no Decisioun

En Dënschdeg de Moie gouf een och gewuer, datt d'CSSF dem Ausseminister den Dag virdru schonn e Bréif gemaach huet. Op d'Fro, ob d'CSSF net besser gehat hätt, dee Bréif virum 1. September an der Autorisatioun fir israeelesch Bonds ze maachen, huet d'Diane Adehm geäntwert, si kéint dat net "jugéieren".

De Finanzminister Gilles Roth, dee steet "voll a ganz" hannert der Onofhängegkeet vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz. Hie kéint awer d'Demande un d'Regierung verstoen, well et eng Fro vun internationalem Recht wier an d'CSSF net dofir responsabel wier.

Den Ausseminister Xavier Bettel ass “zimmlech iwwerrascht”, datt d’CSSF him elo per Bréif Verantwortung zeréckspillt. Well hie wier weder am Virfeld, nach no der Decisioun den 1. September consultéiert ginn. Hie géing de Bréif e Freideg mat an de Regierungsrot huelen fir sech ze positionéieren.

Réaction MAE : CSSF émission d’obligations Etat par l’Etat d’Israël 

Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
 
Le ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur a pris note de la lettre de la Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF), adressée au Vice-Premier ministre datée du 15 septembre et reçue le 16 septembre 2025.

Dans cette lettre, la CSSF, autorité indépendante, sollicite un avis concernant sa décision prise le 1er septembre 2025, sans avoir préalablement consulté le ministère des Affaires étrangères.

Le ministère rappelle la communication de la CSSF, intervenue le 2 septembre suite à des questions de la presse sur le sujet mentionné ci-dessus :

„Au sujet de l’approbation du dernier prospectus de base de l’Etat d’Israël par la CSSF, il convient de clarifier qu’en application des règles européennes en matière de prospectus pour valeurs mobilières, l’Etat d’Israël, en tant qu’Etat tiers, a choisi l’Irlande comme son Etat membre d’origine pour l’approbation des prospectus lui permettant de demander l’admission de valeurs mobilières présentant des coupures inférieures à EUR 1.000 aux marchés règlementés européens et d’offrir ces valeurs mobilières au public en Europe en vue de financer une partie de son budget. Ainsi la Banque Centrale d’Irlande est et reste généralement compétente pour l’approbation de ce type de prospectus.

Néanmoins, l’article 20(8) du règlement (UE) 2017/1129 permet à un émetteur de demander à l’autorité compétente de l’État membre d’origine de déléguer l’approbation d’un prospectus spécifique à l’autorité compétente d’un autre État membre.

C’est sur base de cet article que l’Etat d’Israël a demandé à la Banque Centrale d’Irlande de transférer la compétence d’approbation de son nouveau prospectus de base à la CSSF.

L’examen par la CSSF de ce prospectus de base en vue de son approbation s’est fait conformément à la règlementation européenne en matière de prospectus qui se limite à déterminer si les informations figurant dans le prospectus sont complètes, cohérentes et compréhensibles.“

En approuvant un prospectus, conformément à l’article 20 du règlement (UE) 2017/1129, la CSSF ne s’engage pas en ce qui concerne l’opportunité économique ou financière de l’opération ou la qualité et la solvabilité de l’émetteur."
Lors du Conseil de gouvernement du 19 septembre 2025, le ministre Bettel demandera que le sujet soit mis à l’ordre du jour pour que le gouvernement puisse répondre au courrier de la CSSF.