De Finanzminister wëll méi ëffentlech Gelder géint d’Cyberkriminalitéit mobiliséieren.

De Gilles Roth huet e Méindeg no enger Sitzung vun der Chamber Finanzkommissioun bedauert, datt eng Rei Privatpersoune Suen an der Lescht verluer oder geklaut kruten. Zesumme mat der Chamber wéilt d’Regierung Äntwerte liwweren.

D’Cellule de Renseignement Financier vum Parquet, also Enquêteure stäerken, dat wieren "eenzel Elementer". A sengen Ae soll een och "net sech scheien och gegebenefalls aner Instrumenter, fir eng méi héich Cybersécherheet zu Lëtzebuerg ze garantéieren, datt een déi och ëffentlech kéint bezuschussen."

Cybersécherheet wier wichteg och fir de Ruff vun der Finanzplaz, esou de Finanzminister. An am Kontext vun den Efforte fir d’Defense wiere Cyberattacken dem Gilles Roth no och als Attacken op d’Nato unzegesinn an an deem Sënn géing hien an den nächste Méint "Aktiounspläng" virleeën.

Post a Spuerkeess fir Betriber, déi bei anere kee Konto konnten opmaachen?

Betriber bekloe sech dacks, datt et net einfach wier e Bankkonto hei am Land opzemaachen. Et wiere scho vill Efforte gemaach ginn, mee et wéilt een nach méi maachen, esou de Finanzminister weider. Wichteg wier a sengen Aen, fir bei der Verallgemengerung vun den Informatiounszougäng fir d’Banken eng Léisung ze fannen.

Da géing sech awer och d’Fro stellen, wat ee fir Leit a Betriber kéint maachen, déi refuséiert kruten e Konto opzemaachen. De Gilles Roth wéilt sech do u Frankräich inspiréiere wou an deene Fäll d’Betriber an d’Leit d’Zentralbank kënne froen, fir den Dossier nach emol ze kucken. Heiheem huet de Finanzminister sech virgestallt, datt ëffentlech Etablissementer ewéi d’Post oder d’Spuerkeess kéinten asprangen, fir datt se Accès zu engem Konto kréien.

De Finanzminister huet awer am selwechten Otemzuch gesot, datt d’Reegele fir d’Kontroll misste bestoe bleiwen.