Tëscht dem Schumannseck a Wolz
Uergen Accident tëscht Auto a Foussgänger

© Domingos Oliveira
Géint 16.30 Auer koum et op der N26 zu engem schlëmmen Accident, bei deem eng Persoun schwéier blesséiert gouf.
Wéi et vun der Police heescht, hätt hei en Auto e Foussgänger ugestouss. De Chauffer, deen de Foussgänger ze pake krut, hat nach probéiert, fir auszewäichen, esou eise Journalist op der Plaz, a krut doduerch de Luuchtepotto ze paken. En weideren Auto wier dunn nach an den éischte Won gerannt.
De Foussgänger koum schwéier blesséiert an d'Spidol.

© Domingos Oliveira
Am meeschte gelies