De José Antonio Mestre ass e Méindeg am Alter vun 62 Joer zu Miami an den USA verscheet.

Dat huet den Haff um Méindeg den Owend kuerz no 20 Auer matgedeelt:

Leurs Altesses Royales le Grand-Duc, la Grande-Duchesse et les Membres de la Famille grand-ducale annoncent avec une très grande tristesse le décès de Monsieur José Antonio MESTRE, le frère aîné de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse, survenu aujourd'hui à Miami, à l'âge de 62 ans.

2011 war de José Antonio Mestre schonn eemol gesondheetlech ganz schlecht drun. Wéinst Häerz-Kreeslaf-Problemer louch hien deemools zwou Woche laang am Koma.

D'Grande-Duchesse Maria Teresa huet am Ganzen 3 Geschwëster: zwee Bridder, Antonio a Luis, an eng Schwëster, Catalina.

Den Antonio heescht d'selwecht wéi säi Papp: José Antonio Mestre.