An der Luxexpo huet de Samschdeg de Moien um 10 Auer d'Fréijoersfoire hir Dieren opgemaach. Dat mat engem ganz neie Konzept.

Vun e Samschdeg bis de 17. Mee presentéieren iwwer 300 Exposanten hir Produiten a Servicer. D'Konzept gouf komplett iwwerschafft an konzentréiert sech elo méi op héich Qualitéit an eng breetgefächert Offer un Animatioun. Am Mëttelpunkt stinn awer och weiderhin déi gastronomesch Offer an d'Lëtzebuerger Wäiner.

De Vize-Premierminister an Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet an senger Ried betount, datt d'economesch Situatioun zu Lëtzebuerg sech zanter de leschte Jore verbessert huet. Et wier elo, wou d'Economie rëm unzitt, de Moment sech eng iwwerschafften Zukunftsstrategie ze ginn. D'Presidence vun der europäescher Unioun ass an den Aen vum Etienne Schneider en wichtegen Rendezvous fir d'Politik, Economie a fir d'ganzt Land.

Etienne Schneider: "Den Image vun engem Land huet e substantiellen Impakt op de Succès vun der Wirtschaft an dem Handel. Dofir ass fir eis den Nation Branding och esou wichteg. Déi zweet Halschent vum Joer gëtt apaart wichteg fir de Lëtzebuerger Commerce a fir d'HORESCA. Mir erwaarden am Kader vun der Presidence tëscht 25.000 an 30.000 Leit, déi op Lëtzebuerg kommen. Besonnesch d'Hotellen dierfte sech zefridde ginn. Eleng d'EU Presidence bedeit fir si e Plus vu méi ewéi 50.000 Iwwernuechtungen. Wa mer eis also gutt uleeën, komme vill vun dëse Leit, déi eis d'Land duerch d'Presidence kenne léieren, spéider eng Kéier mat hire Familljen als Tourist zeréck op Lëtzebuerg."

AUDIO: Extrait Etienne Schneider

D'Strukturen vum Tourismussecteur ginn och an dësem Kader professionaliséiert, fir dat grousst Entwécklungspotential, wat et do nach gëtt, optimal auszenotzen, sou den Wirtschaftsminister weider.

D'Foire ass op vu Méindes bis Freides vu Mëttes 14 Auer bis Owes 20 Auer an de Weekend vu Moies 10 Auer bis Owes 19 Auer.