Eng Persoun war e Mëttwoch de Mëtteg bei Bäerdref beim Klammen accidentéiert an huet missten aus der Loft gerett ginn.

Fir dësen Asaz z'erméiglechen, huet de CGDIS op d'Luxembourg Air Rescue zeréckgegraff, fir datt si eng sougenannte "Seilwindenoperation" konnten duerchféieren.

Wéi et an engem Schreiwes vun der LAR heescht, hätt d'Zesummenaarbecht vun hinne mam GRIMP, enger spezialiséierter Ekipp vum CGDIS, ideal geklappt, well béid Ekippen agespillt sinn. De Spezialist vum GRIMP gouf mam Rettungshelikopter iwwer der Plaz, wou d'Persoun erofgefall war, ofgeseelt. Esou koum hie séier op d'Plaz, déi schwéier zougänglech ass a fir déi een zu Fouss däitlech méi laang gebraucht hätt.

Op der Plaz konnt de Patient stabiliséiert a mat engem spezielle System sécher vun der Plaz evakuéiert ginn. Fir déi medezinesch Versuergung war d'Ekipp vum Ettelbrécker Samu zoustänneg.

RTL

© LAR

Am Schreiwes vun der Air Rescue ass ze liesen, datt dësen Asaz géif weisen, wéi wichteg eng spezialiséiert Loftrettung an Kooperatioun mat allen agebonnenen Unitéiten ass.