Lëtzebuergerin op Mia Mia "gekidnapped", Ausseministère weist sech besuergt
Dräi Stonne laang hätt ee kee Kontakt méi mat der Lëtzebuergerin gehat, déi Deel vum Boot "Mia Mia" war. Et geet ee vu "Kidnapping" säitens Israel aus.
Déi israeelesch Marinn huet en Donneschdeg jo am Mëttelmier déi privat Flott vu Schëffer, déi mat Hëllefsgidder um Wee an d’Gazasträif waren, gestoppt. Ënnert anerem soll hei och d'Boot "Mia Mia" betraff sinn, op deem d'Lëtzebuergerin Nora Rosa Fellens Huberty war. Si wär "gekidnapped" ginn an ouni hire Wëlle vun israeeleschen Occupatiounsforce matgeholl ginn, seet si an engem Video, dee “March to Gaza Luxembourg” gedeelt huet.
Ronn 40 pro-palästinensesch Motor- a Seegelbooter hate sech ënnert dem Numm «Global Sumud Flotilla» zesumme gedoen, fir Hëllefsgidder an d’Enklav ze bréngen. Am gemeinsame Schreiwes vu "Global Movement to Gaza" a "Global Sumud Flotilla" heescht et, d'Flott wier säitens den israeeleschen Autoritéiten an der Nuecht op en Donneschdeg gestoppt ginn an et soll dann zu "illegalen Arrestatioune" komm sinn. Eng Partie vun dëse Booter soll vun Israel illegal gëentert gi sinn, en Deel dovunner wier nach ëmmer um Wee Richtung Gaza.
D’Booter wieren e Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg de Moie mat de Passagéier an en israeeleschen Hafen geleet ginn, heescht et vum Ausseministère. D’Aktivisten nennen et “Kidnapping”. An engem Schreiwes vum Ausseministère gëtt dëst nach eemol confirméiert an et betount een, dass een "déif besuergt" ass, iwwert dës Informatiounen. D'Autoritéite ruffen déi Zoustänneg an Israel op, d'Sécherheet vun dëse Leit ze garantéieren an all Form vu Gewalt géint dës Leit z'ënnerloossen. Wärend der ganzer Aktioun war de Lëtzebuerger Ausseministère a Kontakt mat den Organisateuren a mat den italieeneschen a spueneschen Autoritéiten, déi Séi-Nouthëllef maachen, a mat de belschen Autoritéiten fir konsularesch Ënnerstëtzung.
Ënnert de Schëffer ass och dat vun der schwedescher Aktivistin Greta Thunberg. Op der Plattform X ass e Video ze gesinn, wou een d’Thunberg gesäit an e puer maskéiert an arméiert israeelesch Zaldoten.
Et huet een dann och d'Leit opgeruff, sech en Donneschdeg tëscht 12h30 an 18h30 virum Ausseministère ze versammelen an d'Regierung ze froen, fir hei z'intervenéieren, sou dass internationaalt Recht agehale gëtt. Ënnert anerem géif ee fuerderen, fir all d'Membere vun der Global Sumud Flotilla fräizeloossen, dorënner och d'Membere vun der Mia Mia.
Op Nofro beim Patrick Bosch vu "March to Gaza Luxembourg", hat een och um kuerz no 11 Auer nach ëmmer kee Kontakt mat der Lëtzebuergerin konnten opbauen. Mir kruten hei erkläert, dass een a Kontakt mat ronn 20-30 Affekoten an der Regioun wier, déi elo versichen, de Kontakt mat de Leit, déi gekidnapped goufen, opzebauen. Och mam Lëtzebuerger Ausseministère wier een an enkem Kontakt.
Hei den offizielle Communiqué vum Ausseministère
Flottille Global Sumud et Thousand Madleens (02.10.2025)
Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
Le Luxembourg suit de près la situation de la flottille Global Sumud et Thousand Madleens en route vers Gaza, ainsi que celle de sa ressortissante présente à bord. Le Luxembourg est gravement préoccupé par les informations transmises par les organisateurs selon lesquelles tout contact avec le bateau sur lequel se trouve la ressortissante luxembourgeoise est interrompu depuis plusieurs heures, et cela après que plusieurs bateaux de la flottille ont été arraisonnés par Israël au cours de la nuit.
Le Luxembourg appelle instamment les autorités israéliennes à garantir la sécurité de l’ensemble des participants, à respecter le droit à la protection consulaire et à s'abstenir de toute utilisation de la force à l'égard des participants.
Avant et après le départ de la flottille, les services consulaires du ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur (MAE) ont constamment été en contact avec les coordinateurs luxembourgeois du projet et les ont informés des risques liés à la participation à la mission de la flottille Global Sumud. Durant le passage de la flottille en haute mer, le ministère a également été en contact étroit avec les autorités italiennes et espagnoles qui disposaient de moyens maritimes de secours. Le MAE maintient un contact étroit avec ses partenaires européens dans le cadre de cette situation, y compris avec les autorités belges pour ce qui est du volet consulaire.
Le Luxembourg réitère que sa priorité demeure l’instauration d’un cessez-le-feu, la libération des otages, ainsi que l’acheminement urgent et massif de l’aide humanitaire à Gaza par des voies sûres et sécurisées.