E Jeeër huet missten e Stéier zu Mäerzeg erschéissen, well dësen zwee Passanten an en Auto ugegraff huet.

Eppes no 11 Auer um Mëttwoch huet zu Mäerzeg e Jeeër e Stéier erschoss, deen eng hallef Stonn virdrun ausgebéchst war a sech net wollt afänke loossen. Kuerz dono hat e Mann gemellt, dass, wéi hien am Auto souz, d'Gefier vum Déier ugegraff a beschiedegt gouf. Der Police no hätt d'Déier och nach zwee Passanten attackéiert.

RTL

© Yan Meis / Facebook