Den Aarmutsrisiko an déi sozial Inegalitéiten am Grand-Duché ginn ëmmer méi grouss.

Den Aarmutsrisiko an déi sozial Inegalitéiten am Grand-Duché ginn ëmmer méi grouss.

Dat sinn d’Conclusiounen aus engem Rapport, deen de Statec d’lescht Woch publizéiert hat. D’Logements-Problematik géif vill zu dësen Entwécklunge bäidroen. Och Kanner wieren dovunner staark betraff, esou nach den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit e Méindeg de Moien an der Chamber. D’Aarmutsproblematik gëtt dann och dëser Deeg vun de politesche Parteien opgegraff: No der LSAP d’lescht Woch hunn déi Gréng e Méinden op eng Pressekonferenz invitéiert.

Déi Gréng presentéieren 20 Propose géint d'Aarmut / Rep. Céline Eischen

Bal all fënneft Persoun zu Lëtzebuerg lieft am Aarmutsrisiko, bei de Kanner ass esou guer all véiert Kand betraff. Eng dramatesch Realitéit an engem vun de räichste Länner vun der Welt, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson:
 
"D'Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat. An déi hate virun allem zum Zil, déi ze entlaaschten, déi scho vill hunn. An et ass elo héich Zäit, déi ze schützen, déi manner hunn. D'Regierung huet den Dogma: Nëmmen eng staark Wirtschaft bitt och e staarke Sozialstaat. Mir gesinn awer all Dag, dat fonctionéiert net. Eng staark Wirtschaft steet net virun engem staarke Sozialstaat. Si brauch en. Sozial Sécherheet, Präventioun a Chancëgläichheet: Si sinn d'Fundamenter vun enger gesonder zouversiichtlecher Gesellschaft. Eng Gesellschaft, déi zesummenhält an och net op Spaltungsversich erafält. An domat awer och vun engem innovative Wirtschaftsstanduert."
 
Sozial Sécherheet a Chancëgläichheet wieren d’Fundamenter vun enger zouversiichtlecher Gesellschaft, an déi bräicht et nu emol fir de Wirtschaftswuesstem.

Ganzer 20 Punkten proposéieren déi Gréng fir d'Aarmut ze bekämpfen. Dat am Virfeld vun der Presentatioun vum nationalen Aarmutsbekämpfungs-Plang, deen d'Regierung jo geschwënn soll presentéieren. Zum enge soll d'Mindestrent ëm 200 Euro gehéicht ginn, och d'Kannergeld soll erop goen, esou d'Deputéiert Djuna Bernard:
 
"Kanneraarmut ass déi deierste Form vu Politikversoen. Well mir bezuelen haut ze wéineg a muer vill ze vill. D'Konsequenze vun engem Net-Invest a Kanner, a Bildung a Sozialhëllefen, déi si grad fir d' Zukunft enorm."

Déi sozial Gerechtegkeet soll beispillsweis duerch regional Zentren fir déi sozial a berufflech Inclusioun gestäerkt ginn. Ee grousse Chantier ass awer och de Logement, besonnesch wat d'Mobiliséierung vun eidele Wunnengen ugeet, esou de grénge Politiker François Benoy:

"D'Mobiliséierungssteier soll eréischt 2035 a Kraaft kommen. Dat ass an onsen Aen, compte-tenu vun der Logementskris déi mer hunn, vill ze vill spéit. A wat d'Mobiliséierung vun eidele Wunnengen ugeet, do gesäit et eigentlech nach méi schlecht aus, well souguer innerhalb vun de Regierungsparteien, notamment vun der Stater Buergermeeschtesch, duerch de Refus vun dem Wunnengsregëster eigentlech dat Instrument, wat mer awer dréngend brauchen, eigentlech komplett ausgehillegt gëtt an doduerch eigentlech ni wierksam wäert iwwerhaapt kënnen ofgeséchert ginn."

D'Wirtschaft sollt net virun alles gesat ginn, esou nach de Message vun der Oppositiounspartei.