Affekote soen, de Prozess kéint net onofhängeg vum anere gefouert ginn
Um éischten Dag vum neie Bommeleeër-Prozess goung et an éischter Linn ëm prozedural Froen.
Um Bommeleeër-bis-Prozess war e Méindeg de Mëtten Optakt um Geriicht an der Stad. Siwe fréier Gendarmerie-Membere musse sech an den nächste véier Woche wéinst Falschaussoen ënner Eed wärend dem Bommeleeër Prozess 2013/14 veräntwerten.
Och déi zwee Ugeklote vum Haaptprozess, de Jos Wilmes an de Marc Scheer, deene reprochéiert gëtt, an d'Attentater an den 80er Jore verwéckelt gewiescht ze sinn, waren, ouni virgelueden ze sinn, mat hiren Affekoten an de Geriichtssall komm.
D'Fuerderung vun hirer Defense war, dass de Prozess soll opgezeechent ginn, fir sech spéider kënnen drop ze referéieren. Dëst gouf awer vun de Riichter refuséiert.
Déi zwee Affekoten hu sech du Partie civile fir hir Clientë constituéiert a fuerdere jee 250.000 Euro Materialschued an 250.000 Euro moralesche Schued, déi hinnen duerch d'Falschaussoe vun de siwen Ugekloten entstane wieren – ënner anerem well se zanterhier permanent an de Medie gewiescht wieren.
Och de Staat huet sech als Partie civile géint di siwen Ugeklote constituéiert, dat wéinst dem Schued, deen d'Credibilitéit an d'Reputatioun vum Staat erlidden hätten.
Ee vun den Ugeklote gouf iwwerdeems wéinst sengem Gesondheetszoustand als prozessonfäeg erkläert.
E puer vun den Affekoten, déi bis elo d'Wuert haten, waren der Meenung, dass een dëse Prozess net kéint onofhängeg vum Haaptprozess féieren. Mat de Wieder vum Maître Roland Assa: "Hei soll eppes iwwer eppes mat eppes mat Bezuch op eppes decidéiert ginn."
Si hunn eng sougenannte Surséance ugefrot, also dass de Prozess ausgesat gëtt, well een net kéint bewäerten, ob Falschaussoe gemaach goufen, wann net gewosst wier, wat d'Wourecht ass. De Parquet war do awer anerer Meenung an d'Demande gouf um Enn net vun de Riichter ugeholl.
An den nächsten Deeg a Woche wäerten ënner anerem siwen Enquêteuren hir Rapporte presentéieren.