Jee nodeem, wéi een de Kaleidoskop dréint, ännert sech d'Bild vun de Kannerrechter hei zu Lëtzebuerg.

Ënnert dem Motiv steet den neie Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Hei gesäit den Okaju nach vill Aarbecht, besonnesch an de Beräicher Justiz a Kannerschutz, souwéi am Liewensëmfeld vum Kand.

Kannerschutz: Okaju nennt Chantiere bei Justiz, Cyberberäich a Sozialpolitik / Anne Wolff

Den Ombudsman plädéiert a sengem Joresrapport fir sougenannte "safeguarding policies", also Sécherheetsmesuren an alle Secteuren, déi mat Kanner ze dinn hunn, sief et Education, Sport, Gesondheet oder Soziales. Et bräicht systematesch Prozeduren, fir Mëssstänn kënnen ze thematiséieren an aus der Welt ze schafen.

Besonnesch wichteg wier de Kannerschutz am Cyberberäich: Hei plädéiert den Ombudsman Charel Schmit ganz kloer fir e Smartphone-verbuet fir Kanner ënner 3 Joer. Lëtzebuerg misst och Altersgrenze fir verschidden Inhalter festleeën, zum Beispill e Mindestalter vu 15 Joer fir den Accès zu Soziale Medien.

Besonnesch urgent wier de Schutz vu Kanner viru pedophillen Inhalter awer och virun deenen, déi esou Material online consomméieren. Soubal eng Persoun iwwert d’IP-Adress identifizéiert wier, misst gehandelt ginn: "Ab deem Moment ass et immens wichteg, dass all Risiken ofgekläert ginn an hirem familiären, sozialen a berufflechen Ëmfeld, fir dass vun deene Persoune keng Gefor an hirem Liewensëmfeld ausgeet, nach wann d’Enquête leeft, nach éier ee verurteelt ass. De Prinzip vun der Precautioun muss Virrang hu virun aneren Iwwerleeungen."
 
Donieft placéiert d’Justiz fir de Charel Schmit nach ëmmer ze vill an ze séier Kanner a Strukturen. Op den 1. Oktober zielt den Okaju 1.523 placéiert Kanner, dovunner wieren der 61,3 Prozent an Institutioune placéiert. Hei bräicht et méi eng grouss ambulant Offer, de Placement sollt deene virbehale sinn, bei deenen et net anescht méiglech wier.

Eng besonnesch Gefor fir Kanner gesäit den Ombudsman donieft och an der Kanneraarmut: eent vu véier Kanner géif dem Okaju no ënnert der Aarmutsgrenz liewen, aacht Prozent an engem materielle Manktem.

De Logementsproblem géif dann och vill Kanner betreffen, besonnesch geséich een, dass Famillje mat Kanner aus Noutstrukturen am Wanter riskéieren op d’Strooss gesat ze ginn. D’Noutlogementer an de Gemenge wieren entweder inexistent oder et géif der bei wäitem net genuch.
 
Den Ombudsman fuerdert, dass op d'mannst am Wanter esou Expulsioune gestoppt ginn.