E Sonndeg den Owend gouf der Police gemellt, datt zu Déifferdeng an der Géigend vun engem Bistro e Mann mat engem Messer um Bee blesséiert gouf.

D'Patrull, déi op d'Plaz koum, konnt de Blesséierte wéi och säi Ugräifer op der Plaz untreffen. Wärend de verletze Mann vum Rettungsdéngscht behandelt gouf, huet d'Police d'Messer saiséiert an e Protokoll erstallt. Well de presuméierten Täter awer staark alkoholiséiert war an hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an den Arrest, nodeem hie vun engem Dokter ënnersicht gouf.