
Wéi de CGDIS mellt ass kuerz viru 17 Auer e Méindeg e Motocyclist gefall a gouf blesséiert, dat um RN23 tëscht Roumecht an der Kimm. De Samu war op der Plaz.
Um Site vum Fluchhafen um Findel gouf ëm déi selwecht Zäit e Feier gemellt, eng Rei Paletten hate gebrannt. D’Pompjeeë vu Sandweiler waren op der Plaz, Blesséierter goufe keng gemellt.