Pompjeeë retten e Päerd aus enger Schwämm

© Pompjeeë Réiser
Op der Kockelscheier war e Freideg de Moien e Päerd an eng mësslech Lag geroden. Pompjeeën, Police an e Veterinaire ware sur place fir ze hëllefen...
Do hat de Sauvetage nawell net schlecht gestaunt, wéi en e Freideg de Muere géint 6 Auer op d'Kockelscheier geruff ginn ass. De Grond fir den Asaz war nämlech e Päerd, dat an eng Schwämm gefall war an do net méi eraus koum.
Fir et erëm erauszekréien, huet d'Waasser aus der Schwämm missen ofgepompelt ginn. Alles an allem 2 Stonnen huet et gedauert, bis d'Päerd mat Hëllef vun engem Netz konnt erausgezu ginn. A fir dat ze realiséieren, waren nawell och eng ganz Parti Leit néideg: D'Réiser Pompjeeë waren 12 Mann héich mat 5 Ween do. Och de Sauvetage vu Beetebuerg, eng Verterinairin vun Zolwer, den techneschen Direkter vun der Gemeng Réiser, Taucher an d'Police vun Diddeleng ware sur place. Eng grouss Aktioun also, bei där d'Päerd um Enn gesond a monter aus der Schwämm erausgezu konnt ginn.
De Groupe d'intervention Vétérinaire ass mat dem Päerdsunhänger vun der GIV a Pärdsbergematerial (ënner anerem d'Netz) op d'Plaz gefuer.

© GIV