De Grand-Duc am Interview"2015 war kee richteg schéint Joer"

De Staatschef kuckt am Gespréich mam Mariette Zenners op 2015 zeréck an op déi Evenementer, déi eis all betraff hunn.

RTL Spezial: Interview mam Grand-Duc (23.12.2015)
De Staatschef kuckt am Gespréich mam Mariette Zenners op 2015 zeréck an op déi Evenementer déi eis all betraff hunn.
Wat mat am meeschte markéiert huet, dat sinn d'Flüchtlingskris an d'Terrorattacken zu Paräis, sot de Staatschef am Gespréich mam Mariette Zenners vun RTL Télé Lëtzebuerg.

De Grand-Duc Henri



D'Joer hat awer och positiv Evenementer. Fir de Grand-Duc gehéieren d'Lëtzebuerger Presidence-, d'Aweiung vun der Uni Belval, den Accord op der Weltklimakonferenz an de Referendum vum 7. Juni do derzou. Et wier interessant gewiescht, fir d'Leit zu Sujeten ewéi dem Auslännerwahlrecht ëm hir Meenung ze froen.

Grand-Duc: Resumé vum Interview mat der Tëlee - Pit Everling



Eis Valeure si vun Terroristen attackéiert ginn an dogéint muss Europa sech wieren, sot de Staatschef am Interview.

Eppes anescht, wat de Groussherzog dëst Joer mat am meeschte markéiert huet, ass de massiven Afflux vu Flüchtlingen aus Syrien. Vill Luef gouf et do fir den Accueil zu Lëtzebuerg.

De Grand-Duc Henri kuckt dann zeréck op eng net einfach Lëtzebuerger EU-Presidence, déi mat décke Krise konfrontéiert war. D'Regierung wier awer gutt preparéiert gewiescht an et wier een an de verschiddenen Dossiere gutt weiderkomm, esou de Grand-Duc. Vu Säite vun der EU-Kommissioun wier et iwwerdeems vill Luef fir d'Aarbecht vum Grand-Duché ginn.

RTL Spezial: Interview mam Grand-Duc - Gebäerdesprooch (24.12.2015)
De Staatschef kuckt am Gespréich mam Mariette Zenners op 2015 zeréck an op déi Evenementer déi eis all betraff hunn.


RTL Spécial: Interview avec S.A.R. le Grand-Duc (23.12.2015)
Le Chef d'État revient sur les grands événements de 2015, interviewé par Mariette Zenners (sous-titres en français).


D'Feierdeeg verbréngt de Grand-Duc iwwregens doheem, hie feiert mat der Famill.

Dëst Joer nei: Interview amplaz Usprooch fir d'Chrëschtdeeg.


An d'neit Joer fänkt um Haff mat engem groussen Evenement un: De Grand-Duc Jean kritt am Januar 95 Joer.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.