Nom Osten an Norde vum Land zitt et de Grand-Duc an de Westen, méi genee op Stengefort.

De Grand-Duc ass e Samschdeg um 16.20 Auer zu Stengefort ukomm. Hei war an der Haaptsaach eng Visitt am Hôpital Intercommunal geplangt.

Als Hommage un d’Solidaritéit, déi eis Gesellschaft ausmécht, war de Grand-Duc d'Personal aus dem Gesondheetssecteur an och d'Patiente besichen. Duerch si sollen all déi, déi onermiddlech der Gesellschaft déngen, och wärend de Feierdeeg, ervirgehuewe ginn.

Déi bescht Momenter vu Stengefort

Kuckt hei de komplette Replay vu Stengefort

Nom Accueil am Centre de Jour pour personnes âgées huet de Grand-Duc d'Personal aus dem Gesondheetssecteur wéi och d'Patiente getraff a mat hinne geschwat.

Um Samschdegowend war en Hierschtconcert.

De Resumé vu Stengefort
De Reportage aus dem Journal.