D'Police hat an der Nuecht direkt mat zwee Automobilisten ze dinn, déi hir Ween op der Pannespuer ofgestallt haten.

Kuerz viru Mëtternuecht e Freideg huet d'Police op der A13 op der Héicht vu Schëffleng e Gefier gemellt kritt, wat ganz lues ënnerwee war an am Zickzack gefuer ass. Virun der Sortie Keel konnt een de Won, deen op der Standspuer stoung, lokaliséieren. D'Beamten hu beim Chauffer e staarken Alkoholgeroch festgestallt an den Test huet dëst confirméiert. Weiderfueren duerft de Mann doropshin net an hie krut esouguer provisoresch säi Permis ofgeholl.

Och op der Pannespuer stoung géint 3 Auer e Samschdeg op der A6 tëscht dem Briddel a Mamer en Auto. De Chauffer hat sech et gemittlech gemaach an huet geschlof, wéi d'Beamten agetraff sinn. Wéi si hie probéiert hunn, z'erwächen, ass de Mann erschreckt an einfach fortgefuer. No enger kuerzer Course poursuite konnt de Won gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf provisoresch agezunn.

Da mellt d'Police nach verschidden Abréch. Dat eng Kéier zu Miersch, wou d'Täter wuel eng Fënster ageschloen hunn, fir an d'Haus ze kommen. Si hunn villes duerchwullt a Bijoue geklaut. E ganz änlecht Virgoe mam bal selwechten Ausgang gouf et dann och zu Uewerfeelen.

Iwwert de Balcon waren d'Täter dann um Briddel an en Appartement agedrongen. Eng Dier hate se zu Schwéidsbeng opgebrach. An alle Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.