D'Leit musse wéinst dem Wieder plazeweis vill Gedold matbréngen.

Wann een zum Beispill via Ettelbréck op Wolz fuere wollt, huet ee musse méi Zäit aplangen. Op der Streck tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul louch nämlech en décke Bam an der Strooss.

Och d'Ekipp vun RTL, déi op d'Feierlechkeeten am Kader vum Trounwiessel op Wolz fuere wollt, war do blockéiert an huet sech missen en anere Wee sichen.

Nieft de lokale Pompjeeë gouf och eng Ambulanz op d'Plaz geruff. Wéi de CGDIS mellt, ass kuerz  no 10 Auer en Auto an e Bam gerannt. Heibäi handelt et sech warscheinlech ëm en Auto, deen an de Bam gerannt ass, deen op der Strooss louch. Dem CGDIS no gouf kee blesséiert.

Da mellt de CGDIS nach zwee Accidenter, bei där all Kéier eng Persoun blesséiert gouf. Eng Kéier zu Péiteng op der Maartplaz an tëscht Ollem a Kielen. Op der A1 tëscht dem Tunnel Houwald an dem Iergäertchen war dann en Auto an d'Leitplanke gaangen, hei ass et awer beim Materialschued bliwwen. Och kee Blesséierte gouf et bei engem Accident op der N14 vum Schumannseck op Bidscht.