Trotz senge grad emol 23 Joer war de Balin Miller en zimmleche Star an der internationaler Kloterzeen.

Den amerikaneschen Alpinist ass elo am Yosemite-Nationalpark bei enger Klotertour op de legendären Bierg "El Capitan" ëm d'Liewe komm. Dat huet seng Mamm matgedeelt.

Wéi Medie mellen, soll de Miller seng Tour live an de soziale Medie gestreamt hunn. De Miller soll et bis op de Bierg gepackt hunn a wier dunn accidentéiert, wéi hie probéiert hätt, säi Kuerf an aner Saachen, déi nach am Hang houngen, ze recuperéieren. Dem Fotograf Tom Evans no, deen d'Situatioun wéi vill aner Alpiniste gesinn huet, huet op Facebook matgedeelt, datt dem Miller d'Seel ausgaange wier, wéi hie probéiert huet, u säi Kuerf ze kommen. Dem Kloterer wier dat awer ze spéit opgefall an doduerch wier hien ofgerëtscht an an d'Déift gefall.

Experten no sollt een ëmmer e Knuet un d'Enn vum Seel maachen, fir esou eng Tragedie ze verhënneren. Ma vill Alpiniste verzichten drop, well dëst de Risiko matsechbréngt, datt d'Seel iergendwou hänke bleift.

All Joer geschéien am Yosemite honnerten Accidenter. Tëscht 1970 an 1990 sinn de lokalen Autoritéiten no 51 Alpinisten ëmkomm.