Mam Meteorolog Jörg Kachelmann hu mer op d'Tournée vun eisem Grand-Duc duerch d'Land gekuckt. Natierlech mam Bléck op dat, wat eis wiedertechnesch erwaart.

Wéi de Meteorolog Jörg Kachelmann op Nofro erkläert, si fir e Samschdeg de Virmëtteg a Mëtteg och am Raum Lëtzebuerg staark Wandstéiss tëscht 60 a 70 km/h ze erwaarden, vereenzelt esouguer bis zu 80 Kilometer an der Stonn.
 
Fir déi meescht Leit wier dat näischt Dramatesches, mee an der Noperschaft vu Beem a Steeë soll ee gutt oppassen. Duerch den naassen Ënnergrond an déi schwéier Blieder kënnen Äscht ofbriechen oder am schlëmmste Fall esouguer Beem kippen.

Zousätzlech kënnt et am spéide Virmëtteg kuerz zu staarkem Reen.
 
Am Nomëtteg gesäit et da méi variabel aus. Klassescht "Abrëllswieder" mat e puer Schaueren an och e puer Opklärungen. Bis owes geet de Ree-Risiko zeréck op ënner 20 Prozent, et soll also meeschtens dréche bleiwen.
 
D’Temperature falen am Laf vum Dag. Nom engem méi mëllen Ufank ginn et am Nomëtteg nach ronn 13 Grad. Dofir heescht et, eng gutt Jackett apaken, esou de Jörg Kachelmann.
 
Fir d’Visitt vum Groussherzog bedeit dat: Kee katastrophaalt Wieder, mee en Dag mat vill Ofwiesslung, engem frësche Wand an en e bëssen ongemittleche Momenter. Mat e bësse Virsiicht a waarme Kleeder sollt awer näischt géint eng gelongenen Tournée duerch d’Land schwätzen, esou nach de Meteorolog.