Um Freidegowend huet de Grand-Duc Guillaume am Kader vun engem Gala-Diner virun Éieregäscht eng Ried gehalen.

De Staatschef huet e kuerze Bléck an d'Vergaangenheet geworf an en Abléck a seng Visioun ginn, wéi hie sech als Grand-Duc fir d’Zukunft vum Land wëll asetzen.

Ried vum Grand-Duc Guillaume beim Gala-Diner
De Staatschef huet e kuerze Bléck an d'Vergaangenheet geworf an en Abléck a seng Visioun ginn, wéi hie sech als Grand-Duc fir d’Zukunft vum Land wëll asetzen.

De Grand-Duc Guillaume huet seng Urgroussmamm, d’Groussherzogin Charlotte, a säi Grousspapp, de Grand-Duc Jean, als Virbiller genannt, déi an den däischtersten Zäiten Hoffnung an Dignitéit fir d'Lëtzebuerger Vollek verkierpert hätten.

Seng eege Roll gesäit hien net nëmmen doran, d’Traditioun vun der Monarchie weiderzeliewen, mee och déi nei Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert unzegoen.

Europäesch Wäerter héichhalen

Zesumme mat senger Fra der Grande-Duchesse Stéphanie wéilt hie fir eng oppe Gesellschaft stoen, déi fir Kohesioun, Inklusivitéit a Solidaritéit steet, an dës Wäerter och lieft.

A senger Ried ass hien och op d’Bedeitung vun der Europäescher Unioun agaangen. Wäerter wéi Solidaritéit, Fräiheet, Demokratie a Gläichheet, awer och Respekt virum Rechtsstaat an de Mënscherechter stéingen am Mëttelpunkt vu sengem europäeschen Engagement.

Beim Gala-Diner waren ënnert anerem den däitsche Bundespresident, de franséische President an déi belsch an hollännesch Kinnekshaiser vertrueden.

De Grand-Duc Guillaume huet op d’laangfristeg Zesummenaarbecht a Frëndschaft tëscht den direkten Nopeschlänner verwisen.

Onkommentéiert Biller vum Gala-Diner
E Bléck an d'Kulisse vum Palais an dem Gala-Diner mat den Éieregäscht.

An der Ried goufen déi traditionell Wäerter vu senger Famill ervirgestrach, den neie Grand-Duc wëll dës mat enger moderner europäescher Visioun verbannen.

Vun der groussherzoglecher Famill waren nieft dem Prënz Felix a senger Fra der Prinzessin Claire, d'Prënze Louis a Sébastien, grad ewéi och de Mann vun der Prinzessin Alexandra, de Nicolas Bagory present.

Aus der Lëtzebuerger Politik hunn de Premierminister Luc Frieden a seng Fra Marjolijne Frieden, de Vizepremier Xavier Bettel a säi Mann de Gauthier Destenay an de Chamberpresident Claude Wiseler mat senger Fra Isabel Wiseler-Lima um Iessen deelgeholl.