A fënnef Uertschafte ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse erwaart. Déi zweet Destinatioun ass zu Wolz, oder Wooltz wéi et "do uawen" heescht.

Um 14.20 Auer ass de Grand-Duc mat senger ganzer Famill zu Wolz ukomm. Déi zwee Prënzen, d'Grande-Duchesse Stéphanie an de Grand-Duc Guillaume sinn am Wooltzer Schlass begréisst ginn. Zesumme mat den Awunner vu Wolz hu si e Spektakel mat interaktiver Videoinstallatioun an dräi musikalesch Optrëtter suivéiert.

Déi bescht Momenter vu Wolz am Zesummeschnëtt

Kuckt nach eng Kéier de komplette Replay

Mëttegiessen um längsten Dësch vum Land a Public Viewing

Am Stadkär ass eng interkulturell Feier a fir dat Ganzt esou richteg geselleg ze gestalten, gouf sech do ee ganz besonneschen Iessdësch ausgeduecht, dee Längsten am Land. 150 Meter ass dëse laang a jidderee soll do eng Plaz fannen.

Héichpunkt vum Dag ass e gratis Open-Air-Concert mat nationalen an internationale Kënschtler an engem DJ-Set um Samschdegowend bis an d'Nuecht eran.

Wou d'Rees vum Grand-Duc Guillaume a senger Fra Stéphanie weidergeet, kann een zu Wolz um groussen Ecran suivéieren.

Artistesche Programm

Cooperations & Friends
Carmen Luisa
Naomi Ayé & Band
Pueri Cantores
Volleksfest mat:
Claire Parsons
Selah Sue
Weeltzer Musik + Dj Leen & others
Dj Ze Edouardo
Lisa Junius
Eric Mangen
Cooperations Art