Vu Stengefort ass et Richtung Süde gaangen. De Grand-Duc a seng Fra goufe fir eng aussergewéinlech Show zu Diddeleng erwaart.

De Grand-Duc Guillaume ass e Samschdeg um 17.42 Auer mat der Grande-Duchesse Stéphanie zu Diddeleng ukomm a vun enger Rei Ministeren an dem Diddelenger Schäfferot empfaange ginn. Um Programm stoung eng exklusiv an dynamesch Show, déi d'Geschicht vum Süde vun eisem Land erzielt huet.

D'Ekipp vun Diddeleng huet zesumme mat villen talentéierte Lëtzebuerger an auslänneschen Artisten e Spektakel aus Danz, Akrobatik, Freerunning, Perkussioun, Zirkus, Sprooch a verschidde Museksstiler zesummegestallt.

D'Choreographin Sylvia Camarda huet am Interview begeeschtert iwwer de Projet geschwat. D'Iddi hätt sech um Site weiderentwéckelt an d'Kuliss wier eemoleg gewiescht, esou d'Dänzerin.

"Also eigentlech ass et eng Zesummenaarbecht. Hëlt ee sech bei verschiddene Saachen e bësse méi Zäit, mee et ass eigentlech super einfach gaangen. Ech schaffe scho sou laang mat der Trisomie oder mat Leit, déi eebe verschidde Besoinen hunn. A jiddwereen huet e Besoin. Et mécht keng grouss Differenz. Heiansdo muss een och engem Dänzer nolafen an zéng emol erklären, wat e soll richteg maachen."

Déi bescht Momenter vun Diddeleng kuerz zesummegefaasst

Lass goung et zu Diddeleng awer schonn um 11 Auer fir de "Groussherzoglechen Aperitif", fir dono ware sëllege Concerten an Aktivitéite geplangt.

De Resumé vun Diddeleng
De Reportage aus dem Journal

De Replay vun Diddeleng vun der RTL-Spezialemissioun

Den Iwwerbléck vum artistesche Programm

Eng Inzenéierung vum Sylvia Camarda & David Galassi mat:
Eric Bintz
EDSUN
Joel Marques
Luzac
Leandro Afonso Pinto
Dori
Véronique Nosbaum
Giovanni Zazzera
Claudia Urhausen
Maya Balam Meyong
Anna Sophia Duquino
Noa Wagener
Chris Miller
Julie Barthélémy
Georges Maikel Pires Monteiro
Mia Tholl
Nico Conter
Jerry Simon
École régionale de musique de la Ville de Dudelange
Cirque Zaltimbanq
CDI Belval
Fondation EME
Fondation Kräizbierg
Fondation Autisme Luxembourg
Ligue HMC