Den Dag no der Intronisatioun fänkt de Grand-Duc Guillaume seng feierlech Tournée duerch d'Land zu Maacher un.

Um Stade "Op Flohr" stoung d'Visitt vum Grand-Duc Guillaume ënnert dem Motto "Sport als Vecteur fir Benevolat ze weisen". Och d'Maacher Leit waren invitéiert bei dësem feierleche Moment mat dobäi ze sinn.

Déi flottste Momenter vu Gréiwemaacher

Zum Thema Sport goufen um Terrain "Op Flohr" verschidden Atelieren gewisen. Trotz dem Reen um Samschdegmoien konnt de Programm duerchgezu ginn. Et huet een eenzel Sportaarten net méi baussen um Terrain, mee an der Hal gewisen.
D'Benevolat an d'Fërderung vum Sport stoungen hei am Mëttelpunkt, fir esou de ville Fräiwëllegen ze weisen, dass ouni hir Passioun kee Gemengeliewe méiglech wier.

Dëst waren déi verschidden Atelieren: 

CAEG: Hürdelaf
Handball Museldall: Kanner Training
Tae Kwon Do: Kanner Training
CSG: Kanner + Meedercher
Dëschtennis: Kanner Training

Kuckt nach eemol de komplette Replay