MaarnechSendere ginn ofgeschalt an ofgebaut

De Mëttelwellesender zu Maarnech sent nëmmen nach e puer Stonnen. An der Nuecht op e Freideg ëm Punkt Hallefnuecht gëtt e fir ëmmer ofgeschalt.

Schluss fir Maarnecher Sender (30.12.2015)
No iwwer 60 Joer op Sendung gëtt um 1. Januar de Mëttelwellesender zu Maarnech ofgeschalt.
Iwwer Maarnech ass vun 1957 bis an d'90er-Joren de legendären 208 Radio Luxembourg an d'Welt ausgestrahlt ginn an och den däitschen Radio Luxembourg ass iwwer d'Maarnecher Mëttelwell an Däitschland gesent ginn.

"Fir Lëtzebuerg schléisst sech e grousst Kapitel an der Radiosgeschicht", erkläert den Eugène Muller, Chef vun den technesche Servicer an Transmissiounen.

Den Eugène Muller vun der BCE



Ufank 2016 ginn d'Antennen ofgerappt, den Terrain an d'Gebaier ginn un de Staat verkaaft.

Deen huet wëlles, hei eng Plaz fir Flüchtlingen draus ze schafen.

An der Nuecht op en Donneschdeg no 1 Auer huet de Sender eng "208 Closure Show" vun 1991 gespillt, um Donneschdeg de Mëtteg no 13 Auer gouf se widderholl.