D'Police mellt dräi Festnamen uechter d'Land
© RTL Archiv
En Dënschdeg huet d'Police dräi Persounen uechter d'Land festgeholl.
En Dënschdegmoie krut d'Police zwou verdächteg Persoune gemellt. Dës hätte sech e puer Mol bei engem Händler virgestallt, fir dësem gréisser Quantitéite vu Koffer ze verkafen. Eng Patrull vun der Police huet béid Persounen op der Plaz ugetraff. Am Laf vun enger Enquête ass de Verdacht, dass déi zwee an den Déifstall vu Kofferkabele verwéckelt sinn, ëmmer méi grouss ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet verhaft.
En Dënschdegowend huet eng Policepatrull da beobacht, wéi eng Persoun an der Rue Jospeh Junck am Garer Quartier an der Stad enger anerer eppes ginn huet. Well de Verdacht bestoung, dass et sech dobäi ëm Drogen handelt, goufe béid Persoune kontrolléiert. Beim presuméierten Dealer goufe fënnef Handyen a Sue fonnt a saiséiert. D'Persoun, déi am Verdacht stoung, Droge kaf ze hunn, hat Cannabis bei sech. De presuméierten Dealer gouf verhaft an hat e Mëttwochmoie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Schliisslech krut d'Police an der Nuecht op en Dënschdeg en Abroch an d'Rue du Moulin zu Keel gemellt. Am Kader vun enger Enquête, déi an d'Weeër geleet gouf, konnt eng Persoun ermëttelt ginn, bei där och geklaute Saache fonnt goufen. Am weidere Verlaf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass déi geklaute Saachen aus véier weideren Abréch stamen. De presuméierten Déif gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdegnomëtteg virun den Untersuchungsriichter.