Den Ament mécht nees e gefälschten Artikel, deen ausgesäit, ewéi wann e vun RTL stame géif, am Internet d'Ronn.

Am Text ass ze liesen, dass d'Lëtzebuerger Regierung eng nei Plattform mam Numm "TokenCore" presentéiert hätt. Op dëser Plattform kéinten d'Leit Suen investéieren an esou e sougenannt passiivt Akommes erzilen, also Sue verdéngen, ouni eppes dofir mussen ze maachen.

Dat géif esou funktionéieren, dass d'Plattform op eng automatiséiert Manéier Kryptowärunge bëlleg keeft, fir se dann deier ze verkafen. Dëst hätt de Premier Luc Frieden RTL an engem exklusiven Interview gesot, gëtt am falschen Artikel behaapt. Wien 250 Euro investéiert kéint esou séier 7.000 Euro den Dag verdéngen.

Beim Artikel handelt et sech ëm eng Fälschung, wéi se an der Lescht vill d'Ronn maachen. Deementspriechend sollt een dann och keng Suen op der supposéierter Plattform investéieren.

E Lieser huet eis dëse Video vum falschen Artikel zoukomme gelooss:

Nodeems de falschen Internetsite schonn Enn August d'Ronn gemaach hat, ass e Mëttwoch nees opgedaucht. Dës Kéier gëtt eng Foto vum Finanzminister Gilles Roth genotzt, fir Reklamm fir dee falschen Internetsite ze maachen.

RTL