Gréisser Policekontroll op Stater Gare
© Police Lëtzebuerg
Am spéiden Dënschdegmoien huet d'Police eng méi grouss Kontroll an den ëffentlechen Transportmëttel am Garer Quartier gemaach.
Dobäi gouf et eng Verwarnung wéinst engem Verstouss géint d'Drogegesetz an zwee Mol gouf géint d'Immigratiounsgesetz verstouss. De Fokus vun der Kontroll, un där 12 Polizisten an zwee Hënn aus der Hondsstaffel bedeelegt waren, louch virun allem op der allgemenger Policepresenz an der Gare a bei de Gleiser.
Kontrolléiert gouf dann en Dënschdeg am Nomëtteg och op der Zuchstreck tëscht Miersch an dem Pafendall. Hei gouf et vun der Police fënnef Verwarnungen an ee Protokoll wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz an ee Verstouss géint d'Immigratiounsgesetz.
Verkéierskontrollen zu Garnech
En Dënschdegmëtteg huet d'Police tëscht 15.00 a 16.30 Auer op de Stroossen zu Garnech d'Vitess, d'Pabeieren an den Handy um Steier kontrolléiert. Am Ganzen ass et hei zu 23 Verstéiss komm. 18 Mol ware Chauffere mam Handy am Grapp ënnerwee, wat si jeeweils 250 Euro a 4 Punkte kascht huet. Zwee Autoen haten déi maximal Vitess vu 50 km/h ëm iwwer 15 km/h iwwerschratt, si kruten dofir eng Verwarnung vun 145 Euro an 2 Punkten. Ee Mol gouf eng Verwarnung vun 49 Euro fir en Excès de vitesse vu manner wéi 15 km/h erstallt. Zwee Chauffere konnten da keng gëlteg Pabeiere virweisen a kruten dofir och 145 Euro an 2 Punkten.