An de leschten Deeg krut d'Police méi Fäll vun enger Arnaque gemellt, bei där sech Persounen als falsch Livreure vu Päck ausginn.

Zilgrupp vun dëser Arnaque sinn haaptsächlech eeler Leit.

De Bedruch fänkt u sech domadder un, datt d'Affer ugeruff kréien. Kuerz drop kënnt de presuméierte Livreur bei d'Wunneng vum Affer. Meeschtens ass d'Erklärung, datt een e Pak vun der Apdikt soll liwweren. De Livreur freet dofir awer Suen.

Wann ee per Kaart wëll bezuelen, halen d'Täter d'Kaart un den Handy a fuerderen d'Affer op, de Pincode anzeginn an dat dann duerch d'Drécke vum grénge Knäppchen ze confirméieren. Nodeem de Pin erfaasst gouf, gëtt de falsche Livreur dem Affer eng änlech Bancomatskaart zeréck, déi awer op en anere Numm leeft. Well d'Kaart änlech ass, bemierken déi meescht Leit den Austausch an der Reegel net.

D'Täter notzen dann déi echt Kaart, déi si geklaut hunn, fir Saachen ze bezuelen oder héich Bäiträg opzehiewen.